Well alles am Ralenti leeft, kommen den Ament och keng nei Bande Dessinéeën eraus. D'Editeuren hunn all hir Sortien op fréisten de Mee no hanne geréckelt. Mä fir d'Leit déi doheem bleiwen ze beschäftegen, proposéieren eenzel Editeuren aner Optiounen.

24-03-2020 BD VUN DER WOCH (Bleiftdoheem a liest BDen)

D'Editions Glénat proposéieren zum Beispill all Dag ee gratis Manga aus hirem Katalog. E Méindeg huet dat direkt mat engem Blockbuster ugefaangen, well si déi 5 Episode vu "One Piece" ugebueden hunn. Dat war awer just fir d'Aktioun ze lancéieren, duerno ass et ëmmer nëmmen een Episod vun enger Serie deen een esou liese kann.

Och aner Editeure proposéieren hir Bicher, sief et mat enger spezieller Offer, wou se méi gënschteg op den digitale Plattformen (wéi https://www.izneo.com/fr) ugebuede ginn, oder carrement gratis Exemplaire vun deenen éischten Episode vu Serien ewéi dem Ducobu, den Enfants de la Résistance, oder och I.R.$. Mat deem Geschéck huet een d'Geleeënheet, Serie kennen ze léieren, déi ee bis elo villäicht verpasst huet.

Nieft de Bicher déi een online liese kann, ginn awer och bei villen Editeuren Aktivitéiten ugebueden, déi ee mat senge Kanner zesumme maache kann, ëmmer mat engem Lien zu de Bande Dessinéeën déi si erausginn. Do ass vill bastelen a molen dobäi, vereenzelt och Rätselen.

Bei den Editions Dargaud ginn se nach méi wäit, a proposéieren Atelieren, an deenen een zum Beispill een Doudou aus der Serie Ana Ana mat senge Kanner bastele kann. Fir all déi Aktivitéiten muss een och net d'éischt nach Material kafe goen, an deene meeschte Stéit si Schéiere, Pabeier, Zwier, Nolen a Pech normalerweis genuch op Reserve.

Bei den Editions Dupuis hate si et am Einfachsten fir esou eng Léisung op d'Been ze stellen, well et do souwisou schonn de Portail vun der Zäitschrëft Spirou gëtt, dee schonn zanter Joren weider Aktivitéiten ronderëm d'Serien a Personnagen aus der  Zäitschrëft proposéiert.

Si ginn awer och nach e bësschen méi wäit a proposéieren och all Dag eng Selektioun vun Albumen aus hirem Katalog, déi ee gratis liese kann.

Virun allem kann een all zweeten Dag eng Säit aus deem neie Largo Winch liesen, deen eréischt am November erauskomme soll. Vir Fans vun der Serie, a virun allem vum Zeechner Philippe Francq ass déi Aktioun interessant, well et net déi fäerdeg Säite sinn, déi hei gewise ginn, mä et sinn d'Säiten déi nach net getuscht sinn, mä just d'Crayonnéeën. Eng Etapp déi ee soss just an deiere Spezialeditiounen ze gesi kritt.

Bei den Editions Casterman gëtt et zwar och eng Selektioun vu Bicher, déi ee mat senge Kanner zesumme liese kann, mä keng Méiglechkeet fir déi direkt online kënnen ze liesen, respektiv e puer Bicher aus dem Katalog gratis entdecken ze kënnen.

Dofir gëtt et dann awer eng interessant Initiative vun Objectif Plumes, engem Internet-Portail an deem d'Auteuren aus der Wallonie gelëscht ginn, fir esou dat literarescht Schafen an der Wallonie ze promouvéieren. 50 Wierker vu verschiddene franséischsproochegen Auteure ginn elo do an enger gratis Versioun ugebueden, dorënner och e puer Bande Dessinéeën.

A wie Kanner huet déi gär molen, fir déi gëtt et um offizielle Site vum Asterix e puer Video-Beschreiwungen, mat deenen ee léiere kann den Astérix, Obélix, Idéfix, Panoramix an d'Falbala ze zeechnen. Dat ass zwar keng Animatioun déi speziell fir dës Situatioun online gesat ginn ass, mä ass grad elo ee flotten Zäitverdreif, dee villäicht eng spéider Carrière als BDs Auteur méiglech mécht.