De leschte Freideg huet d'Rout Kräiz en Opruff gemaach fir Blutt ze spenden. Den Appel ass un déi gaangen, déi scho Spender sinn, awer och u potentiell nei Spender. De Retour, dee komm ass, war iwwerraschend grouss: leschte Freideg goufen 130 Bluttspende gemaach, e Méindeg 90. An eng grouss Zuel vun neie Spender ass bäikomm, déi elo natierlech all Tester musse maachen. De Vincent Ruck, Responsabel vun der Kommunikatioun beim Roude Kräiz gëtt eis weider Präzisiounen.

26/03/2020 Bluttspenden nach ëmmer erwënscht

Och an de leschten Deeg ass et nach ëmmer weidergaangen mat neie Bluttspender. Bis de Moien hu sech iwwer 1200 Leit ageschriwwen.

Wichteg ze wëssen ass, datt Blutt liewenswichteg ass an datt ee Blutt net produzéiere kann.
Wie sech als neie Bluttspender mellt, dee kënnt dann an eng Procédure, wou en Analyse mécht an Informatioune gëtt, domadder ka gekuckt ginn, ob ee ka spenden oder och wat ee ka spenden.

Wie scho Bluttspender ass, awer grad en Doute huet wéinst senger Gesondheet oder well en den Ament schafft, soll awer roueg goen zu deem Moment, wou e geruff gëtt. Natierlech gëtt hien direkt vum Personal betreit a scho beim Ukommen, gëtt seng Temperatur geholl.

Bluttspenden dauert an der Regel eng gutt hallef Stonn (ausser beim éischte Rendezvous muss een 1 Stonn arechnen). Et muss een e Questionnaire ausfëllen, et huet een e kuerzt Gespréich an da kann ee scho spenden. Angscht muss ee keng hu virun der klenger Nol. Et ass net méi schlëmm, wéi bei enger Bluttanalyse. Et soll een och ëmmer giess hunn, wann ee kënnt, genuch gedronk hunn an deen Dag selwer kee Sport maachen. Nom Spenden kritt een och eppes z'iessen an ze drénken.
Frae kënnen all 4 Méint spende goen, Männer all 3 Méint.

Bluttspenden ass weiderhi wichteg, Blutt gëtt gebraucht a ka Liewe retten, och nach wann déi aktuell Corona-Kris iwwerstanen ass.