Op Ouschtersonndeg virun 20 Joer huet eng islamistesch Terrorgrupp op der malaysescher Insel Sipadan e Grupp vun Tauchtouristen iwwerfall a mat klenge Booter op philippinnesch Insel Jolo verschleeft, wou se 4 Méint laang festgehale goufen a Léisegeld gefuerdert gouf. Ënnert de Geiselen war och d'Famill Wallert vu Göttingen an Däitschland. All d'Geiselen koumen um Enn fräi, well Lybien vermëttelt huet an d'Léisegeld bezuelt gouf. De Marc Wallert, de Fils vun der Famill, deen zu där Zäit zu Lëtzebuerg gelieft a geschafft huet, ass haut Expert an hält Konferenzen zum Thema "Resilienz", also wéi Mënschen oder Betriber mat Krisen a Belaaschtung kënnen ëmgoen. Lescht Woch koum säi Buch „Stark durch Krisen: Von der Kunst, nicht den Kopf zu verlieren" eraus. En Thema dat sécher grad fir eis all eng Aktualitéit huet.

30/03/2020 Interview Marc Wallert

Dem Marc Wallert a sengen Elteren, déi nach zu Göttingen liewen, geet et gutt a genee wéi jiddereen, hale si sech an der Zäit vun der Corona-Virus-Kris un déi  Recommendatiounen, déi do sinn. Doheem bleiwen an Ofstand zu aneren halen.

Dës Situatioun ass wuel net déi selwecht, wéi déi dramatesch, déi d'Famill virun 20 Joer, wéi se entfouert goufen, erlieft huet, an awer ass och elo e Moment vun Isolatioun, Ongewëssheet an Angscht vrun deem wat kënnt. Alles Gefiller, déi normal a mënschlech sinn an dach sollt ee grad doranner och Kraaft a Courage fannen.

Op d'Situatioun an der Gefaangenschaft huet de Marc Wallert, dee sech en "Entführungs-Überlebender" nennt an net en Affer, deemools mat eppes reagéiert, wat en net gemengt hat ze hunn: Galgenhumor oder schwaarzen Humor. Well hinnen deemools ugedrot gouf, si géife gekäppt ginn, ass him de Saz "Elo nëmmen net de Kapp verléieren" komm, deen och elo den Ënnertitel vu sengem Buch ass.

Iwwer laang Joren huet de Marc Wallert als Beroder fir Konzerner geschafft, zënter engem Joer ass e selbstännegen "Resilienz-Expert" a beréit Mënschen a Betriber an Extreem-Situatiounen. Et gëtt dobäi drëm, wéi een aus Krisen erauskënnt, wéi een dermat ëmgeet. A wat een dono domadder ka maachen.

An der akzueller sanitärer Kris, réit de Marc Wallert opzepassen an e sougenannten "Lager-Koller" ze evitéieren. Dat heescht, wann een nach kann, dann eraus trëppelen goen oder soss d'Fënster an domadder och de Kapp opmaachen, lëften an och fit bleiwen, z. Bsp Yoga maachen. A vrun allem net de Courage verléieren a positiv no vir kucken. An den Humor net verléieren.

D'Angscht virun der Krankheet oder och der berufflecher  Ongewëssheet, besonnesch wann ee Indépendant ass, soll een eescht huelen, mä och no vir kucken, well dacks bréngen Extreem-Situatiounen herno eng Chance. Wien d'Gefill huet "ech hunn e Réckschlag gemeeschtert", deen ass herno am Liewen méi staark.

D'Buch vum Marc Wallert ass lescht Woch am Verlag Econ erauskomm.