Kennt der dat wann der no engem laangen Dag voll mat Meetingen, Rendez-Vousen, enger onroueger Schoulklass oder engem iwwerfëlltem Zuch owes just nach an d'Bett fale wëllt an all Kaméidi ausblende wëllt? Wat fir déi meescht Leit en ustrengenden awer normalen Dag ass, dat ass fir héichsensibel Mënschen de rengsten Horror. Ass HSP dann elo wierklech wëssenschaftlech fundéiert, oder just e Symptom vun der moderner Zäit? D'Michèle Schons huet nogefuerscht.

23/12/2019 HSP - Héichsensibilitéit

Vun elauter Péng huet se d'ganz Nuecht keen A zougemaach, iwwerall huet se blo Plazen, wéinst enger klenger Ierbes, déi ënnert den 20 Matrassen a grad esou villen Daunendecken ënnen um Buedem vum Bett verstoppt ass. Am Märchen ass et de Beweis dass d'Prinzessin echt ass; ma am richtege Liewen e Fall vun Hypersensibilitéit. 
Elo stell dech dach net esou! Sief net esou empfindlech! Esou Sätz kréie virun allem déi Leit dacks ze héieren. E Sechstel vun de Mënsche wär héichsensibel. Dat menge verschidde Fuerscher a vill Auteure vu Bestseller. Anscheinend si bei Mënsche mat HSP d'Sënner verstäerkt, si reagéiere méi empfindlech mat méi staarken Emotiounen a fillen sech séier iwwerfuerdert. Och wann et zum Thema nach vill z'erfuersche gëtt, ass de Begrëff eng éischte Kéier 1997 vun enger amerikanescher Psychologin, der Elaine Aaron definéiert ginn, a kënnt ëmmer méi op. Net seelen hunn nämlech déi betraffen eng sougenannten "Diagnose" um Bockel an d'Gefill dass mat hinnen eppes net stëmmt an dass se psychesch krank sinn. D'Ulrike Hensel ass selwer betraff an huet d'Chance ergraff fir anere Leit mat Coaching a Bicher, déi se selwer geschriwwen huet ze hëllefen.

Wee mengt dass Héichsensibilitéit nëmmen negativ Säiten huet, och dee läit falsch, well ënnert der zaarter Haut vun dëse Mënsche verstoppe sech ganz wäertvoll Eegenschaften. Och wann héichsensibel Leit Energie tanke wann se eleng sinn, heescht dat awer net dass se introvertéiert sinn a sech ofkapselen oder dass hinnen alles ze vill ass.
Extrovertéiert Héichsensibilitéit erkennt een och dorunner dass Leit och permanent op Toure sinn a vläicht och dass nach méi iwwerreizt sinn.