Bal alles ass zou. D'Leit halen sech drun a bleiwen doheem an dëser ongewësser Zäit. Dat ass fir vill Betriber a Geschäfter natierlech eng grouss Erausfuerderung. Mä et ginn och nach Plazen, wou dës Quarantän schwéier ze realiséieren ass. An den Déierenasyler, do wou jo och Leit passéieren, fir mat de Muppen trëppelen ze goen oder vläicht en Déier z'adoptéieren. Kommen nach Déieren eran a kann ee sech mellen, wann een säin Hausdéier vermësst? Mir froe beim Liliane Ferron vum Déierenasyl zu Gasperech no.

27/03/2020 Am Déierenasyl

Fir Informatiounen oder bei Noutfäll kann een uruffen um 48 13 13-1