An den 60er Joer goufen et nach keng Privatradiossenderen a Groussbritannien an den ireschen Musekproduzent Ronan O'Rahilly hat Krämpes fir d'Band vu sengem Label bei der BBC a Radio Luxembourg ze plazéieren. Wann dat keng gutt Grënn fir den éischte britesche Privatradio sinn. 

28/03/2020 Op den Dag: Radio Caroline

A well Privatradioen déi Zäit eben a Groussbritannie verbuede waren, huet ee sech missten eng afale loosse fir ze senden; d'Léisung war d'Schëff Fredericia dat mam Fändel vu Panama d'Mierer onsécher gemaach huet. Op déi Iddi ass een duerch den offiziellen, staatlechen, Auslandssender vun den USA deen och deels um Mier Sendung gemaach huet. Fir d'Crew vu Radio Caroline sollt de Studio fir déi nächst 26 Joer um oppene Mier sinn, am Ufank 3 Meile vun der Küst ewech, duerch déi Distanz trëtt nämlech op de Schëffer dat Recht a Kraaft ënnert deem dat jeeweilegt Schëff ënnerwee ass, fir Radio Caroline war et also Panama. Den Numm Caroline geet iwwregens op d'Duechter vum John F. Kennedy zeréck. Dem O'Rahilly war deemools d'Iddi komm wéi hien eng Foto vum Caroline am Oval Office gesinn huet dat grad am Gaange war ze spillen a säi Pappa, de President vun den USA, also d'Regierung, gestéiert huet dat wier genee dee richtegen Image fir Radio Caroline. De Radio gëtt et haut nach ëmmer, e sent awer net méi vun engem Schëff aus an et empfänkt een nëmmen nach iwwer DAB oder am World Wide Web. D'Geschicht vu Radio Caroline war dann och d'Virlag fir de Film The Boat That Rocked deen 2009 erauskomm ass.

Den 28. Mäerz 1964 funkt Radio Caroline fir d'éischte Kéier.