Infotainment gëtt et all Freideg um 19h00, virum Journal op der Tëlee. De Raoul Roos hat sech gëschter 3 grouss Optimisten direkt aus hirer Stuff an de Live! Planet People invitéiert. 3 Invitéen déi sech - wéi mir all - op d'Zäit no Corona freeën, an och elo derfir suergen eis op aner Gedanken ze bréngen. Mat engem Dj-Festival, enger Série op der Tëlee an Kniwwlereien.

De Jean PÜTZ ass den Dinosaurier aus der Hobbythek a säin Schnurres ass säin Markenzeechen. Och mat 83 Joer gëtt hien net midd ze tüftelen an huet elo Facebook fir sech entdeckt.
De Jean Pütz ass zu Réimech opgewuess, wunnt elo 60km vu Köln ewech op engem 4ha groussen Terrain mat senger Famill, an ass och Präsident vum Jumelage Esch/Köln.
"Ich hab da mal was vorbereitet" gëtt hien gären zitéiert, an elo wou iwwerall wichteg Masken feelen, war hien an d'Archiv wullen an ass op eng Iddi gestouss.

04-04-2020 LIVE (1) Jean Puetz

d'Géraldine RATHS krut d'Léift zur Schauspillerei vum Papp an d'Wéi geluecht.
d'Gerry ass mat 11 Joer op Berlin geplënnert an duerch hire Papp, den Acteur Jean-Paul Raths, stoung de Beruffswonsch séier fest. 2003 stoung d'Géraldine eng éischte Kéier virun der Kamera, an elo gesäit een si am "Polizeiruf 110", "Balko", "Tatort" oder Sérien wéi "Die Stein" oder "Löwenzahn". Dëse Sonndeg um 20h15 ass d'Géraldine um ZDF als Maja Fricke bei "Tonio & Julia" ze erliewen.

04-04-2020 LIVE (2) Geraldine Raths

de Sebastian JACQUE wëll de Leit Hoffnung op d'Zäit no Corona maachen mat der 2ter Editioun vum Luxembourg Open Air, LOA. Den Datum steet mam 12ten an 13ten September. Si gleewen fest drun dass bis dohinner d'Corona Zäit hanner eis läit, an elo schonn kann ee sech freeën op grouss Nimm aus der DJ-Szene

04-04-2020 LIVE (3) Sebastian Jacque