Liesen, kucken a lauschteren - de Motto haut a Saache "Kultur fir doheem". De Gibbes Bertolo proposéiert, respektiv erënnert un 3 Klassiker aus der Weltliteratur, dem Kino an der Musek, fir déi ee sech dëser Deeg mol nees eng Kéier Zäit kéint huelen.

03/04/2020 Kultur fir Doheem

Mir hunn et sengerzäit an der Schoul gelies, a schonn deemools huet et, bei mir op alle Fall, Androck hannerlooss. Siddhartha, dem Hermann Hesse seng philosophesch Erzielung, geschriwwen tëscht Dezember 1919 a Mee 1922. Den Hesse selwer huet et als perséinlech Äntwert op d'Sënnes- a Werterkris an dee grouss Chaos an Europa nom 1. Weltkrich gesinn. De Roman spillt am 6. Joerhonnert viru Christus an Indien a beschreift d'Sich vum jonke Brahman Siddhartha, engem fiktiven Zäitgenoss vum Buddhismus-Begrënner, a sengem Frënd Govinda nom Sënn vun der Existenz op dëser Welt.

***

Eng Sich an Etappen a Phasen, mat um Enn engem vun deenen zwee, deen ukomm ass. Siddhartha war, vrun allem an de 60er Joren eng Kultlecture fir déi jonk Generatioun. Wonnerbar Poesie, ausgedréckt an enger klorer Sprooch - e Roman, deen een ouni Problemer an engem Dag komplett gelies kritt.

9 Stonnen brauch een da wuel fir dëse Klassiker.

Musek vum Nino Rota, de Bestseller vum Mario Puzo, dem Francis Ford Coppola säi Meeschter-Epos "The Godfather". Déi weltberühmt Chronik vun enger Groussfamill aus deem klenge sizilianeschen Duerf Corleone ronderëm den Don Vito a seng 2 Jongen Michael a Sonny, déi et an Amerika vu Klengkriminellen bis zu der totalitärer New Yorker Mafiaorganisatioun packt.

Marlon Brando, Al Pacino, Robert de Niro, Robert Duvall, Andy Garcia ... brilliant Acteuren, Drama, Brutalitéit a Gangsterromantik, verdeelt an enger Trilogie. 3 monumental Filmer aus de Joren 1972, 1974 an 1990.

Ganz grousse Kino, am léifste bei Pizza a Chianti.

D’Musek vum Wolfgang Amadeus Mozart steet am Allgemenge fir déi Liichtegkeet, déi mer den Ament alleguer e bëssche vermëssen.

Viru 15 Joer koum e Box-Set mam Komponist sengem Gesamtwierk op 170 CDen eraus. Sinfonien, Concertoen, Serenanden, Sonaten, Divertimenti, Operen - vun der klenger Nuechtmusek iwwer d’Jupitersinfonie bis bei d’Houchzäit vum Figaro. Iwwer 600 Kreatioune vum Klassik-Genie, haut nach ze kréie fir wéineg Suen. Theoretesch kéint een sech domadder 10 Deeg (Nuechten inklusiv) nonstop ëm d’Ouere schloen. Obwuel: 20 Minutte Mozart gi schonn duer fir eng Grimmel méi optimistesch an d’Welt ze kucken. Kee Klassik-Fan? Schmaacht einfach mol, vläicht kommt der op de Goût …