Op dëser Plaz schwätze mer jo normalerweis iwwer Bicher. Haut ass dat e bëssen anescht, well haut kënnt emol d'Buch selwer zu Wuert! An "Unter Büchern - Enthüllungen eines Insiders" stellt d'Sabrina Notka mat vill Insiderwëssen an Humor d'Buch an de Mëttelpunkt.

01/04/2020 Lecture vun heiheem: "Unter Büchern" vun der Sabrina Notka

"Unter Büchern" ass schonn 2015 fir d'éischt erauskomm, a gouf deemools beim Lëtzebuerger Buchpräis mam Spezialpräis vun der Jury ausgezeechent. A well een dëser Deeg jo villäicht e bësse méi Zäit huet fir ze liesen, ass et och ganz spannend sech emol mam Objet "Buch" ze beschäftegen. Woubäi Objet villäicht dat falscht Wuert ass, sou e Buch huet schonn eng eege Perséinlechkeet, dofir och den Ënnertitel: Enthüllungen eines Insiders

D'Sabrina Notka schafft selwer an engem Verlag a weess wouvun si schreift. A 26 Kapitelen, souvill wéi d'Buchstawen am Alphabet, verpaakt si dat Wëssen a kleng lëschteg Texter, déi richteg Loscht op Liese maachen. Dass Täschebicher kee Réckgrat hunn, dierft keen erstaunen, mä wat ass en Zwiebelfisch? Oder eng Bläilaus? A wéi kënnt een eigentlech drop fir e Buch iwwer Bicher ze schreiwen? Sabrina Notka

Froe mer d'Bicher! Eng gutt Iddi, an eng wonnerbar Manéier fir doheem an der eegener Stuff duerch aner Zäiten an duerch aner Welten  ze reesen.