De 4. Abrëll 1990 huet de Günther Jauch eng éischte Kéier de Reportagemagazin Stern TV op RTL plus moderéiert.

04/04/2020 Op den Dag: 30 Joer SternTV

E Rendezvous mat Traditioun: Mëttwochs owes, véierel op 10, weist RTL aktuell Reportagen an Interviewe mat Gäscht, ouni de kritesche Bléck op deen een oder anere Skandal ze vergiessen. An dat ëmmer live.
Déi alleréischt Emissioune goufen, deemools nach ouni Studiopublikum, zu Düsseldorf produzéiert. Mëttlerweil gëtt Stern TV, mat engem 150 Spektateuren an de Kulissen, vun Hürth bei Köln aus iwwerdroen.

Stern TV gehéiert zu de Klassiker ënnert den Televisiounsmagaziner. Et ass cleveren Infotainment wou och mol déi sougenannt Boulevard-Themen op eng deels ënnerhalsam awer och informativ Manéier presentéiert ginn, am Studio wiessele sech prominent an net-prominent Gespréichspartner of.

Iwwer 20 Joer laang war de Günther Jauch d'Visittekaart vu Stern TV. Den 12. Januar 2011 huet en d'Moderatioun un de Steffen Hallaschka ofginn. 891 Emissiounen huet de Jauch am Ganze presentéiert, de 7. Mäerz 2012 konnt säin Nofollger Hallaschka déi 1000. Sendung animéieren.

Ganz eraus ass den Här Jauch awer net, Stern TV gëtt entretemps vu senger eegener Firma i&u TV produzéiert, grad ewéi och Stern TV Reportage op VOX.

An den Ufanksjoren hat Stern TV eng Audienz vu ronn 3 Millioune Spectateuren
an dacks eng part de marché vun iwwer 20 %. Mëttlerweil läit ee mat 12-15 % a knapp 2 Milliounen Nokuckerten ëmmer nach ganz respektabel.

Haut also feiert de Kultmagazin 30 Joer.