Sech eesäiteg ernären ass eng schlecht Iddi! D'Gefor ass da méi grouss, dass ee verschidden Närstoffer da guer net zou sech hëlt an dat kann zum Beispill zu engem Mangel u Vitaminn B1 a Vitaminn B2 féieren, Marie Gales

06/08/2019 Nährstoffer: Vitamin B1+B2

D'Ënnerscheeder vun dëse zwee ass net grouss, ma et ginn der awer. D'Danielle Bernard vun der Nationaler Associatioun vun den Dieteticienen erkläert fir d'éischt wat mat Vitaminn B1 gemengt ass.
Et kann een also net soen, elo hunn ech däers vill giess an dann ass et gutt fir eng Zäitchen. E Mangel u Vitaminn B1 féiert och zu enger Krankheet. Och wann d'Quantitéit minikleng ass, déi mir brauchen.

Och de Vitaminn B2 soll een all Dag zou sech huelen, och wa beim B1 d'Quantitéit genee sou mininim ass.

Et kann een et net genuch widderhuelen; fir fit a gesond ze bleiwen op eng ausgeglachen Ernärung setzen fir sou d'Chance ze hunn all d'Närstoffer sou kënnen zou sech huelen!