Dee klengen Draach Zog an d'Prinzessin Pärel sinn déi beschte Frënn. Begéint si si sech an engem Buch dat den Zeechner Axel Scheffler an d'Schrëftstellerin Julia Donaldson zesummen erausbruecht hunn. A well den Zog an d'Pärel bei de Kanner esou gutt ukomm sinn, gëtt et och nach eng zweet Geschicht. D'Bea Kneip stellt Iech "Den Zog an d'Dokteren aus der Loft" am Gespréich mat der Iwwersetzerin Martine Schoellen vir. 

10/04/2020 Kannerbuch: "Den Zog an d'Dokteren aus der Loft"

Den Draach Zog ass wuel e bëssen tolpatscheg a kritt och seng Landungen net ëmmer esou hinn wéi een sech dat géif wënschen, an d'Prinzessin Pärel ass awer och ganz anescht wéi een sech eng Prinzessin géif virstellen. Mä allebéid wëllen si just eppes: aneren hëllefen. 
Grad ewéi am richtege Liewen sinn och hei d'Helden déi déi sech ëm anerer bekëmmeren. Den Zog gëtt et zënter 2018 iwwregens och als Film. A fir d'Corona-Kris hunn sech d'Julia Donaldson an den Axel Scheffler eppes afale gelooss: an enger Serie vun Illustratiounen erklären de Grüffelo, den Zog an aner Figuren aus hire Kannerbicher wéi een sech am beschte verhale soll. Do kann een eigentlech näischt méi falsch maachen!