Am Fong ass den Ament Schoulvakanz an d'Schoulen a Lycéeën sinn zou. Dat si se, wéi mer wëssen, awer schonn zënter méi wéi dräi Wochen. A fir datt d'Schüler awer mat hirem Programm weiderkommen, gouf et den Home-Schooling. Doheem hunn d'Eltere mat de Kanner dat geléiert, wat se vum Schoulpersonal iwwer digital Weeër kruten. Wéi gesäit dat dann am Sportlycée aus, do wou jo vrun allem vill Sport um Programm steet. Mir froen no beim Direkter Raymond Conzemius.

10/04/2020 Sportlycée