Dëst Joer bréngt den Ouschterhues eis sonnegt Wieder mat relativ héijen Temperaturen. Meteorologen schwätze vu fréisummerleche Konditiounen. Et heescht awer oppassen mat der Sonn, soss geet et eis ewéi der Kotlett um Grill.

10/04/2020 Ouschteren mat Sonnebrandgefor

Bis zu 25 Grad si gemellt. An och wa mer eréischt am Abrëll sinn, sollt een drun denken sech gutt anzecrèmen. Et besteet schonn eng Sonnebrandgefor, esou de Fabian Ruhnau vu Kachelmann Wetter. De Meteorolog verréit och wéini ee besonnesch Uecht sollt ginn.

© Pixabay

Grouss Deeler vu Mëtteleuropa leien den Ament ënnert engem Héichdrockafloss an d'Temperaturen fir dës Joreszäit iwwert der Moyenne. Dat fält virun allem op wann een de Stand vun der Sonn mat de Summerméint vergläicht.

© Pixabay

Dëst Joer kënnt dobäi, dass d'Ozon-Konzentratioun ënnerduerchschnëttlech ass, an de Risiko d'Haut ze verbrennen nach méi héich. Den Ament gëtt et e seelent Ozonlach iwwer dem Nordpol.

Dat ass duerch ongewéinlech atmosphäresch Konditiounen mat äisegen Temperaturen an der Stratosphär entstanen. An den Ozon verhënnert normalerweis dass ze vill geféierlech UVB-Stralen heinidden ukommen.

© Pixabay

Apropos Sonn: Den Héich 'Loris' gëtt elo vum Héich 'Max' ofgeléist an och dee versprécht nach eemol Sonn. Mam gudde Wieder geet et nach bis e Sonndeg mat virun.