Och wa mir Ouschteren grad net esou kënne feieren, wéi mir dat gär hätten, wäerten awer vill Famillen, op mannst déi, déi zesummen an engem Haus wunnen, sech de Sonndeg fir dat traditionellt Ouschteriessen un den Dësch sëtzen. An eng wichteg Fro wäerte sech do, virun allem d'Hären am Haus, gären am Viraus stellen: Wéi ee Wäin soll et dann iwwer Dësch ginn a wat passt am beschten?

Dat hänkt natierlech dovunner of, wéi een Iessen op den Dësch kënnt. Deemno wéi een Wäin een drénkt, kann dat di verschidden Goûten am Iessen nach eemol zousätzlech ënnersträichen. An et domadder nach besser maachen, oder och net. Et kann een do och mol séier dernieft leien. Dofir hei e puer Tipps vun engem Lëtzebuergeschen Sommelier, fir dass een de richtegen Choix beim Ouschtermenü trëfft.

Bei Fleesch ass bal alles erlaabt, wat de Wäin ugeet, sou den Sommelier Dino Totaro.
Natierlech géing roude Wäin och ëmmer gutt bei rout Fleesch passen. Do recommandéiert de Sommelier zum Beispill en Wäin aus der Toskana oder dem Bordeaux. Ma hätt een awer wäisst Fleesch, wéi Poulet oder Dinde, um Teller, da kéint een och op een méi kräftegen Wäisswäin, wéi zum Beispill e Chardonnay, zeréckgräifen.

Bei Fësch passt am beschten en liichten Wäisswäin, deen net ze schwéier ass.

Mee fir beim Thema Ouschteren ze bleiwen, gi mir elo e klengen traditionellen Ouschtermenü duerch, a wéi een Wäin een do am beschte dobäi kann drénken.
Loossen mir ufänken mat Spargelen als Entrée. Virun allem eis Miseler Wäiner géingen do immens gutt passen, wéi zum Beispill en Pinot Gris oder en Auxerois.

Dann als Haaptplat gëtt et traditionell Hämmelfleesch. Klassesch géing een do en rouden Pauillac aus dem Bordeaux dobäi drénken, ma och en Miseler Wäin kéint do mathalen. Well de Pinot noir vun der Musel hätt sech an de lëschte Joren verännert a wier méi konzentréiert a méi kräfteg ginn.

Da virum Dessert geet fir vill Leit näischt iwwert en gudden Kéis-Teller an do ass de Sommelier en immensen Fan vun Wäisswäin ginn. Gutt gekillt misst en allerdéngs sinn an da kéint ee schonn mol séier iwwerrascht ginn. Passend wier zum Beispill en Chardonnay oder en Pinot Blanc Barrique vun der Musel.

A wann dir en Ouschteree aus schwaarzem Schokela krut, do passt just eppes am Beschten dobäi, wann et dem Sommelier no geet. Nämlech en Porto.

An zum Ofschloss dann en ganz schéint Ouschterfest gewënscht!