Inaktiv sinn heescht net ouni Beweegung sinn. Trotzdeem soll een an dëser Zäit moderat mam Sport ëmgoen. Wien a Form ass, ass och méi resistent, mä wann de Kierper iwwerfuerdert ass, ass en natierlech och méi ufälleg fir Krankheeten. Wéi vill ass gutt? Fir de Fräizäitsportler an de Kompetitiounssportler. Déi Froe stelle mer dem Dr. Axel Urhausen, dem Chef vun der Sektioun Médicine du Sport an der Eecher Klinik an dem Dokter vun der Lëtzebuerger Olympia-Selektioun.

21/04/2020 Interview DR. Axel Urhausen

Sport als kierperlech Aktivitéit ass och elo, wéi ëmmer, e wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft.

"Mä am Ament hunn ech heiansdo den Androck, datt de Sport esou eng Zort e Luxus-Artikel wier, wou de Sport nach just mat engem Stadion voll mat Spectateuren associéiert gëtt", seet den Dr. Axel Urhausen am Interview.

Mir géingen eis grad tëscht enger sanitärer an enger ekonomescher Kris bewegen. Mä an deenen zwee Beräicher spillt de Sport eng wichteg Roll. Do ass seng positiv Auswierkung op déi kierperlech a mental Gesondheet - mat Effekter op Stressbewältegung a sozial Integratioun. Kierperlech Inaktivitéit ass der WHO no weltwäit déi 4 heefegst Doudesursaach op der Welt, dat heescht an Europa sinn dat 10% vun den Doudesfäll.  A wann den Ament vill vum PIB geschwat gëtt: et ginn och vill Leit op der Welt, déi vum Sport liewen - an do geet net Rieds vun de Fussballprofien - dat mécht an Europa 2 - 4% vum PIB aus, zu Lëtzebuerg bedeit dat bal 2 Mia €.

Och e gudde Sportler ass net immun géint e Virus, mä wann ee regelméisseg Sport mécht, dann ass een manner ufälleg géint Infektiounen oder viral Infektiounen. Kanner a Jonker sollen, der WHO no, all Dag op mannst 1 Stonn moderat bis intensiv Sport maachen. Erwuessener op mannst 5 Mol d'Woch 30 Minutte moderat oder all zweeten Dag 20 Minutten intensiv, am beschten kombinéiert nach zweemol d'Woch mat Kaafttraining.

Moderat oder intensiv - do kann een nom Bols kucken oder nom Gefill.  Moderat ass et, wann d'Ootmung méi schwéier gëtt, een awer net ausser Otem ass - intensiv ass, wann een ufänkt mat schweessen.

Eng Reegel am Fräizäitsport seet och; wie lafe geet, soll nach derbäi schwätzen kënnen.

Net ze rekommendéieren wier eng extreem Belaaschtung, wéi e Marathon, do ass den Immunsysteem iwwer eng länger Zäit méi schwaach, esouguer deeglaang an et ass een uffälleg fir Infektiounen.

Den Ament soll ee Sport maachen den aktuellen Sécherheetsreegelen no an och näischt probéieren, wat Verletzunge kéint mat sech bréngen. Wichteg och: vill Schlof, eng gutt Ernärung an wie sech net gutt oder krank fillt, soll eng Paus maachen.

Fir d'Kompetitiouns-Sportler ass d'Situatioun den Ament ganz schwéier, well se net all Méiglechkeeten hu fir ze trainéieren.

Wichteg ass et e Plang ze hunn, dat réit den Dr. Urhausen och de Sportler, déi zum Beispill fir d'olympesch Spiller trainéiert hunn, déi elo verréckelt goufen.

Spëtzesportler hunn och a Krisesituatiounen mental Virdeeler, si si gewinnt sech séier op nei a realistesch Ziler ze fokusséieren. Jidderee muss dat Bescht aus der aktueller Situatioun maachen, seet den Dr. Axel Urhausen. Mä dat ass alles ze maachen. Den Ament hu mer aner Erausfuerderungen, esou de Chef vun der Sektioun Médecine du Sport vun der Eecher Klinik.