"Wann déi physesch Distanz sech vergréissert, da muss déi emotional Distanz onbedéngt ofhuelen, soss kann dat psychesch Problemer mat sech bréngen", seet de Fränz d'Onghia vum Centre d'information et de prévention de la ligue. D'Santé mentale ass esou wichteg wéi eis kierperlech Gesondheet, mä dacks gëtt se net esou vill thematiséiert. Grad an der aktueller Extrem-Situatioun, ass et méi normal ginn iwwer Gefiller an Ängschten ze schwätzen. Dat ass e positiven Aspekt. Et soll een awer wëssen, wou een Hëllef ka kréien fir sech oder fir Mënschen an engem sengem Ëmfeld.

28/04/2020 Santé mentale

Laut WHO ass d'Santé mentale en Zoustand vu Bien-être, deen eis erméigleche soll eis ze verwierklechen an efficace mat Stressfacteure kënnen ëmzegoen. E soll eis hëllefe fir ze schaffen, produktiv ze sinn a gutt an der Gemeinschaft kënnen ze liewen. Et ass e Bestanddeel, dee grad esou wichteg ass wéi déi kierperlech Gesondheet.

Iwwer den eegene psycheschen Zoustand (Depressioun, Burnout) offen ze schwätzen, schéngt grad an der aktueller sanitärer Kris méi normal ginn ze sinn, och wann et nach ëmmer méi en Tabu ass, wéi iwwer seng physesch Problemer ze schwätzen.

Ëmmer wann et eng Rupture am Verhale gëtt, wann eng Persoun sech anescht verhält, wéi soss am normale Liewen, da soll een opmierksam si bei aneren an och bei sech selwer. Esou Alarmsignaler kënnen manner Energie, negativ Gedanken, keen Appetit, Middegkeet, Schloflosegkeet, Agressivitéit, staarken Alkohol oder Zigaretten-Konsum oder esou guer Selbstmordgedanken sinn. Do soll een och mat enger Vertrauenspersoun schwätzen oder och Hëllef siche goen.

Besonnesch am Ament kënne méi Leit betraff sinn, Mënschen, déi eleng sinn, Angscht hunn, eng chronesch Krankheet hunn an doduerch méi isoléiert sinn.

Hëllef bei engem psychesche Probleem kritt een och elo, sief et iwwer d'Teleconsultatioun oder iwwer déi verschidden Hotlinen oder och nach SOS Détresse oder de Kanner-Jugend-Telefon. Wien net gär schwätzt a sech schlecht ausdrécke kann, kann och online iwwer Mail schreiwen, wat e bedréckt.

Wichteg ass et och an dësem Moment e strukturéierten Dagesoflaf ze hunn, sech net hänke loossen, Ritualer bäibehalen, sech informéieren, physesch aktiv sinn an vrun allem d'Verbindung hale mat de Frënn a mat der Famill. Et muss een iwwer seng Gefiller a Suerge schwätzen kënnen. Wann déi physesch Distanz sech vergréissert, da muss déi emotional Distanz onbedéngt ofhuelen, soss kann dat psychesch Problemer mat sech bréngen.