Sidd Dir dann op iergendeppes allergesch? Egal ob et elo aktuell op d'Pollen ass oder villäicht awer op eppes dat am Iessen ze fannen ass. Et gi vill Ursaachen déi den Allergiker d'Liewen schwéier maachen. 

28-04-2020 Allergien 07h20

An de leschte Joer huet d'Zuel vun den Allergiker staark zougeholl. Virun allem a Länner mat engem westleche moderne Liewensstil. Asien, Europa an Amerika, grad wéi och Länner an Afrika mat engem héije Liewensstandard si betraff.

Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell keng Zuelen. Et ginn awer zanter Joer Etüden gemaach.


Pollenallergiker sinn och dacks op Liewensmëttel allergesch. Sou verdroen Bierkepollen-Allergiker dacks keng Äppel, Muerten, oder Kiischten. 

An de leschte Joer gouf erausfonnt, dass Mënschen och am Laf vum Liewen nach kënnen Allergien entwéckelen, déi se eben vu klengen un net hunn. Behandelt ginn Allergien da mat symptomatesche Medikamenter. Et ginn awer och Behandlungen.

D'Niewewierkungen déi kéinten entstoen wieren dem Dr. Markus Ollert no geréng. 20-30 Prozent vun de Leit géifen domadder komplett geheelt ginn.


Et gëtt weider gefuerscht, och hei zu Lëtzebuerg beim Luxembourg Institute of Health. Bis dohinner waarde mer op konkret Zuelen wéi vill Leit dann hei zu Lëtzebuerg op wat allergesch sinn.