De 5. Mee ass den Hiewanen dediéiert. Alles wat hire Beruff ausmécht a wat déi Fraen a Männer leeschten, soll haut an de Mëttelpunkt gestallt ginn; dëst Joer mat der spezieller Erausfuerderung der Coronakris. D'Marie Gales huet mat enger Hiewan an Member vun der ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes) geschwat.

05052020 Internationalen Dag vun den Hiewanen

Et huet misste séier reagéiert ginn, wéi den Etat d'Urgence wéinst dem Coronavirus ausgeruff gouf. Et huet sech missten ëmorganiséiert ginn a Material beschaf. Fir d'Fraen awer net eleng ze loossen an hinnen d'Angscht ze huelen, goufen et direkt d'Teleconsultatiounen a Videokonferenzen an um Internetsite vun der ALSF goufen och all d'Recommandatioune vun der WHO dropgesat. Och eng Hotline gouf organiséiert, Kristel von Laufenberg.

An de Klinicken gouf et sou organiséiert, dass d'Fraen konnte séier heem goen, zréck bei hir Famill. Do muss awer dofir gesuergt ginn, dass déi Fraen doheem dann net eleng gelooss ginn. Déi Frae brauchen eng Hiewan, déi no hirem Puppelche kuckt an och no de Fraen an do gouf séier decidéiert déi Hotline an d'Liewen ze ruffen. Déi gëtt op fräiwëlleger Basis gemaach a si ass Ufanks ganz vill genotzt ginn. D'Fraen hate vill Froen, och iwwert d'Organisatioun an der Klinik an dann hunn och vill Fraen ugeruff, déi accouchéiert hunn an eng Hiewan gebraucht hu well se heemgaange sinn.

Dëst Joer steet den Hiewanen-Dag ënnert dem Motto: D'Hiewanen zesumme mat de Fraen - célébrer, démontrer, mobiliser, unifier - elo zesummen.

Hei geet et drëms dass d'Ënnerstëtzung vun de Frae gefrot gëtt. Domadder gëtt probéiert déi verschidde Fraen ze erreeche fir dass si sech solidaresch mat den Hiewane weisen. Frae brauchen Hiewanen, ma Hiewane brauchen och Fraen, déi hir Aarbecht am Alldag ënnersträichen an éieren.

Do kënnt déi flott Aktioun an de soziale Medie genee richteg.

D'Iddi kënnt vum ICM, dem internationalen Hiewaneverband an déi kann een am Confinement gutt vun doheem aus ënnerstëtzen. Et kann een d'Hiewanen duerch den #IThank{NAMEYOURMIDWIFE} mam Numm vun der Hiewan hannendrun, déi Iech virun, wärend an no der Gebuert begleet huet, äre Merci zum Ausdrock brénge fir déi Aarbecht, déi si geleescht huet.

D'Aarbecht vun enger Hiewan an immens breet gefächert an dat ass och dat wat dem Kristel von Laufenberg zanter 14 Joer immens gutt gefält.

An dat Wichtegst fir d'Kristel von Laufenberg ass et déi Éier bei sou engem speziellen, mageschen, intensiven an awer och heiansdo traurege Moment derbäi dierfen ze sinn, am Liewen vun enger Fra, enger Koppel oder vun enger Famill. Sou eng Gebuert bleift eppes Eenzegaarteges, keng Gebuert ass wéi déi aner. Et weess een ni wéi eng Gebuert wäert ausgoen, et kann een och net viraussoe wéi déi Gebuert erlieft gëtt an dat bleift ëmmer individuell. An dat mécht de Beruff sou schéin a speziell.

Nach e puer Wuert zu der Hiewan libérale. Zanter leschtem Joer gëtt et jo do eng nei Beruffsklassifiktioun.

Soss haten d'Frae just eng Consultatioun mat enger Hiewan ze gutt, mä elo ass et mat Ordonnance médicale méiglech méi dacks eng Hiewan ze gesinn an enger Schwangerschaft. Dat sinn am Duerchschnëtt 4-5 mol, d'Hiewan geet bei d'Fra heem oder déi kënnt bei Hiewan an d'Praxis a si diskutéieren iwwert d'Schwangerschaft. D'Fra kritt vill wichteg Informatiounen iwwert alles wat ee bei enger Gebuer soll wëssen. An dann no der Gebuert wann d'Fra nees d'Klinik verléisst, da kënnt déi liberal Hiewan heem, kuckt nom Puppelchen, iwwerwaacht d'Gewiicht an ass fir all Froe do, déi jonk Elteren dann sou hunn.

Wann Dir och do wëllt matmaachen an ärer Hiewan Merci soen, denkt un den #IThank{NAMEYOURMIDWIFE} an de soziale Medien wéi Instagram, Facebook .....