"Schluss mit dem täglichen Weltuntergang - Wie wir uns gegen die digitale Vermüllung unserer Gehirne wehren" dat ass den Titel vun engem Buch vun der däitscher Neurowëssenschaftlerin Maren Urner, déi mat deem Thema och sollt virun e puer Wochen an den Trifolion op Iechternach kommen, e Rendezvous, deen duerch de Corona-Virus annuléiert gouf. Dobäi huet d'Thema duerch d'Situatioun nach eng ganz nei Dimensioun kritt.

Schluss mit dem täglichen Weltuntergang vum Maren Urner

D'Maren Urner ass Neuro-Wëssenschaftlerin a Professesch fir Medienpsychologie a war bis virun engem Joer och Chefredaktesch vum Online-Magazin "Perspective Daily", si kennt d'Thema also vun den zwou Säiten, weess wéi d'Gehir funktionnéiert, awer och wat een him soll ginn, datt et net a Weltënnerganksstëmmung geréit.

Mir hunn en ze negatiivt Weltbild (an dat queesch duerch d'Gesellschaft an d'Welt), well mer quasi nëmmen negativ Noriichten an Informatioun fannen a kucken. Deemno menge mer d'Welt wier nach méi schlecht, wat sou net stëmmt. Grad dofir misste mir Mënsche eis da wieren an eis motivéieren, dat ze änneren. Do kënnt awer dann d'Neurowëssenschaft an d'Psychologie an d'Spill, an eist Steenzäit-Gehir reagéiert wéi ganz fréier, gesäit just Gefor a seet sech: "Ech muss fortlafen". Dorausser entwéckelt sech e chronesche Stress an Angscht, wat mat sech bréngt, datt mer falsch Decisioune huelen oder guer keng oder eis komplett zeréckzéien.

Dorënner kann awer och eist Demokratie-Vertständnis leiden, well mer eis just nach fir dat intresséieren, wat da ronderëm eis ass a wat mer kënne beaflossen.

Déi aktuel Pandemie kéint grad elo eng Chance sinn, datt an de Medien net just dat opgezielt gëtt, wat kann Angscht maachen, mä och hannerfrot gëtt oder a Fro gestallt gëtt an eng Perspektiv gesicht gëtt.

Jidderee kann dann och bei sech ufänken a sech eng Routine ginn, wéini a wéi laang a wou e sech informéiere geet. Heiansdo ofschalten an dem Gehir eppes anescht ze schaffe ginn, ass schonn e wichtegen Usaz.

Nächst Joer den 3. Februar 2021 gëtt d'Konferenz mat der Maren Urner am Trifolion nogeholl,