Virurteel, oder wëssenschaftlech ze beleeën? Den Ënnerscheed tëscht Fraen- a Männergehierer. De Mr Science hëlt eis mat an d'Welt vun de groen Zellen.

28/05/2020 Mr Science

Spigelt sech de klengen Ënnerscheed an de Chromosomen och an eise Gehierer erëm?

D'Wëssenschaftler hu souguer mat moderne Gehierscanner nëmmen e puer Arealer/Zonen a m Gehier fonnt, déi an der Moyenne bei Fraen e bësse méi grouss si wéi bei Männer an ëmgedréit. An et gëtt sou gutt wéi keng Gehierer, déi kloer "männlech" oder kloer "weiblech" sinn. Eis Gehier muss ee sech éischter virstelle wéi eng wëll Mëschung aus éischter "weiblechen" oder éischter "männlechen" Undeeler, nieft deene sëllege Beräicher, bei deenen et iwwerhaapt keng Geschlechts-Ënnerscheeder gëtt. Vill Gehier-Fuerscher fannen et dofir sënnlos ëmmer nach vun engem weiblechen oder männleche Gehier ze schwätzen, well déi Virstellung duerch déi aktuell Resultater aus der Recherche net ënnerstëtzt gëtt. Populär Bicher, déi dat mat Verweis op eenzel Etüde behaapten, nennen si "Neurotrash".

Gëtt et eng Erklärung fir di bekannte Virurteeler, dass Männer besser an der Mathe sinn, Fraen dofir méi schwätzen?

Guer net. Well et des Ënnerscheeder net gëtt, och wann et doriwwer vill Virurteeler gëtt. An enger Etüd hu Fuerscher Männer a Fraen mat Audio-Rekorder equipéiert, déi wärend e puer Deeg all Wuert opgezeechent hunn. An der Moyenne schwätze Frae 16.000 Wierder am Dag. Männer awer genau sou vill...Aner Etüde confirméieren dëst Resultat. An Etüde mat insgesamt ronn 1,2 Millioune Kanner an Erwuessenen hu gewisen, datt och d'mathematesch Fäegkeeten tëscht Männer a Fraen déi selwecht sinn.

Däitlech Resultater...A wéi ass et da mam Aparken?

Dass Fraen oder Männer besser aparke kënne, gouf ni grëndlech ënnersicht. Dofir gëtt dacks argumentéiert, datt Frae méi schlecht aparke géife, well si eng méi schlecht raimlech Virstellungskraaft hätten. Fir dat z‘ënnersichen, hu Participante vun Etüden zum Beispill missten 3D-Figuren am Kapp dréien an decidéieren, ob des mat enger Vergläichsfigur iwwereneestëmmen oder net. Dat ass zimmlech wäit ewech vun den Ufuerderunge vum reale Liewen. Bei dësen Tester schneiden d'Fraen an der Moyenne e bësse méi schlecht of wéi Männer. Dat ass awer nëmmen e Mëttelwäert iwwert all Participanten. Dat heescht: et ginn trotzdeem vill Fraen, déi an dësen Tester besser ofschneide wéi aner Männer. An et ass iwwregens deen eenzegen eenegermoosse signifikanten Ënnerscheed an de geeschtege Fäegkeeten tëscht Männer a Fraen. D'Wëssenschaftler wëssen awer, datt déi raimlech Virstellungskraaft duerch Training staark eropgeet, an zwar scho vu ganz Klengem un. Wann een zum Beispill och mat Bausteng spillt, amplaz just mat Poppen.

Et läit also éischter drun, datt Meedercher a Jongen ënnerschiddlech Aktivitéite léiwer hunn. Wouranner dat en retour läit, ass awer ganz ëmstridden. Hunn d'Genen dorobber e groussen Afloss? Oder läit et éischter un der Ëmwelt?

Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!