D'Diversitéit vun der Natur ass generell immens spannend, wa mer se nëmme géinge wuesse loossen. Wëllkraider kommen nämlech vum selwen an hunn och ëmmer eng Relatioun mat der Plaz wou se wuessen. Leider fält dat eis an eisem Alldag kaum op, dass déi stäerksten Heelplanze quasi virun eiser Nues wuessen, oder mir drécken hinnen de Stempel Onkraut op a maachen se fort. D'Michèle Schons war mat op eng Kraiderwanderung zu Pärel:

13052020 Well- an Heelkraider sammelen

Dacks gi mer vill Suen aus fir Exotesches, oder fir Superfood, an erkennen de Potenzial net, dee genee an eis Regioun an och zu eis selwer passt. Et ass modern ginn e Krich géint dat sougenannten Onkraut ze féieren, sech Mulch an de Gaart ze tippen, oder mat esou vill wéi méiglech Steng de Virgäertchen an e Yin/Yang Zeechgen ze verwandelen. Mat Yin/Yang huet dat da wierklech näischt méi ze dinn. Dobäi ware Wëll- an Heelplanzen nach ëmmer e wichtegen Deel vun der Nahrungs- an Heelmëttelketten, wéi de Kraiderexpert Karl Raczek eis verroden huet.

© Echincea (piyabay)

Wann een d'Méiglechkeet notzt fir bei enger Kraiderwanderung derbäi ze sinn, verännert sech och de Bléck fir d'Natur. Et kuckt ee méi bewosst op d'Vitalitéit vun enger Planz an et muss een och net direkt alles wëssen a verhalen. Am beschte fänkt ee bei deene bekannte Saachen un. Brenesselspëtzte kann een zum Beispill liicht doséiert wonnerbar als Entgëftung an e Smoothie oder bei d'Geméis derbäi ginn. Pissblummen sinn e Klassiker dee grad och vun der Gastronomie nei entdeckt gëtt an en Hit als Zalot ass. Ma och d'Bléien an d'Wuerzel vun der Pissblumm si Wonnermëttel fir eis Gesondheet. E Gaascht deen net gäre gesinn ass, ass Girsch, oder d'Giichtkraut wéi et och nach net ouni Grond genannt gëtt, wat Harnsaierkristaller déi duerch eis modern Ernierung am Kierper gespäichert gëtt ausschwemmt.

© Giersch (pixabay)

Chlorophyll, Kalzium, Magnesium, Vitaminn C a vill aner Vitaminnen a Mineralie fënnt een an den hellgrenge Blieder déi en als Zalot iesse kann. Vogelmiere, Margréidercher, Gundermann, Menthe, Taubnessel, oder Spitzwegerich komme vu ganz eleng.

© Brennessel (pixabay)

De Bicherstapel ass leider och net esou opschlossräich fir Kloerheet ze verschafe wéi wann ee selwer derbäi ass. Mat der Zäit léiert een d'Planzen an och d'Verännerungen an de Joreszäiten ëmmer besser kennen, léiert se ze schätzen, oder léisst d'Fanger dervun.

© Kamille (pixabay)

Wien säi Gaart mat Wëll- oder Heelkraider beräichere wëll, dee muss net extra Som kafen an uplanzen, dacks geet et schonn duer fir einfach en Eckelche stoen ze loossen amplaz en ewech ze méien oder ze rappen.

© Bärlauch (pixabay)

Zwou Saachen op déi ee beim Kraidersammelen nach sollt oppassen: Am beschten op enger Plaz sichen déi net grad bei enger Strooss läit wou vill Autosofgasen drop sinn, oder Muppen drop gepisst hunn, an da sollt een och net alles ewech plécken, mee just e klengen Deel sammelen an de Rescht fir d'Natur stoe loossen dass een och dat Joer dono nach Freed drun huet.