Den 16. Mee ass de Weltdag vun der Glutenintoleranz. 0,7% vun der Bevëlkerung zu Lëtzebuerg hätten dës Intoleranz a 4200 Personnen hätten och dës "maladie cœliaque". Dogéint wieren 30% Porteur vun  de Genen HLA DQ2 oder HLA DQ 8 ouni awer krank ze sinn oder Symptomer ze hunn. Dat seet d'ALIG, d'Associatioun des Intolérants au Gluten. Wat heescht dat konkret, wie mierkt een dat a wat kann ee maachen, hu mer bei der Presidentin an Diététicienne Vicky Kuffer nogefrot.

14/05/2020 WEltdag Gluten-Intoleranz Vicky Kuffer

D'Zöliakie oder Gluten-Intoleranz ass eng Auto-Immun-Krankheet vum Dënndaarm, bei där d'Schläimhait ugegraff ginn. Si ka bei Kanner an Erwuessener ausbriechen, déi eng genetesch Predispositioun hunn, wa se a Kontakt mat Gluten kommen.

Gluten sinn am Weess, an an de Kären vum Kar, am Huewer oder Dénkel, déi Kären, déi och verschafft ginn als Miel an deemno am Brout an der Patisserie sinn oder och verstoppt an aner Produkter, wéi Zoossen z.Bsp.

D'Genen HLA DQ2 oder HLA DQ8 si Wäerter, déi kann een duerch eng Bluttanalyse erausfannen. 30% vun der Populatioun reagéiere positiv dorobber, wat awer net heescht, datt d'Krankheet och ausbrécht, nëmmen 1% vun de Betraffenen hunn och Zöliakie.

D'Symptomer vun enger Gluten-Introleranz si Bauchwéi, opgelafene Bauch, Gewiichtsverloscht, Iwwerginn, niddereg Eisewäerter, Schanken-, Haut-, Muskel- oder Zännprobleemer a bei de Kanner Wuesstumsprobleemer.

Virun 30 Joer ass d'Zöliakie just als Kannerkrankeet gesi ginn a bei Erwuessener ass net duerno gesicht ginn. Haut ass dat anescht, trotzdeem ass d'Donkelziffer vu Betraffenen weider grouss. Och wann ee keng oder wéineg Symptomer erkennt, awer en Doute huet, soll ee sech beim Dokter teste loossen.

Bis elo gëtt et kee Medikament, keng Impfung a keen Traitement, et muss ee scho selwer op seng Ernärung oppassen an e glutefräie Regime halen. Am Handel fënnt een eng ganz Rei glutenfräi Produiten, och an de Restauranten mécht d'Lëscht mat den Allergènen et méi einfach. Trotzdeem soll ee sech am Virfeld awer nach ëmmer informéieren iwwer d'Menüen.