Mat sengem Gedichtband "in die augen, in die ferne, still ins ohr" ass de Pit Hoerold op der Shortlëscht vum Servais-Präis 2020. D'Bea Kneip erzielt Iech méi iwwert dem Pit Hoerold seng Poesie.

13/05/2020 Lecture vun heiheem: ""in die augen, in die ferne, still ins ohr"

Gläich zwee Gedichtbänn beieneen hat de Pit Hoerold 2014 erausbruecht. "auf, zu grosser fahrt" a "komm mir mit liebe" sinn iwwert en Zäitraum vu 40 Joer entstanen. D'Gedichter a sengem neie Buch si méi rezent, si goufen tëscht 2015 an 2019 geschriwwen. 78 sinn et der am ganzen, oder 78 Stehplätze wéi et am Ënnertitel heescht. Dat kënnt dohier well de Pit Hoerold mat Virléift am Stoe schreift. Dat, sou erkläert hien, gëtt him en anere Bléckwénkel, suergt dofir dass Beweegung a seng Poesie kënnt. Eng Poesie déi e Bou spaant tëscht klenge perséinlechen Detailer an der grousser, politescher Aktualitéit wéi se zemools am zweeten Deel vun dësem Band present ass. "je suis charlie", "stolpersteine" oder "mare nostrum" , dat sinn 3 Titelen aus dësem Deel dee mat "Das Meer blüht" iwwerschriwwen ass. Am éischten Deel mam Titel "in den fenstern licht" thematiséiert hien éischter dat perséinlecht, Erënnerungen aus der Kandheet a Jugend, an ëmmer nees dem Pit Hoerold säin Heemechtduerf Beetebuerg. 

Pit Hoerold: Et setzt een sech heiansdo mat enger Plaz auserneen wou ee laang Jore gelieft huet, oder erëm duerno lieft. Am Ufank war ee vill ënnerwee, an der Weltgeschicht doduerch gegeeschtert. An op eemol mierkt een iergendwéi am Laf vun de Joren, dass een awer iergendwéi gewësse Wuerzelen hat an da versicht een sech domat ausenaner ze setzen op eng Art a Weis déi dann awert net elo nëmmen esou lokalhistoresch ass oder esou anekdotesch ass.  

Zum Beispill schreift hien iwwert de Jacquinots-Park oder d'Gare déi di kleng Uertschaft mat der grousser Welt verbënnt. An den Zuch klammen, an op grouss Rees goen. Vun dem Duerf, iergendwou an der Mëtt tëscht Minette a Stad.

Extrait aus dem Gedicht "ein kleiner ort"

ein kleiner ort

im niemandsland,

de minett wollte uns nicht.

kein eisen, kein erz

und unsere sprache nicht rauh,

nicht roh genug,

und in der hauptstadt

trugen sie die nase zu hoch

Den drëtten Deel huet d'Iwwerschrëft "einer geht". Thema ass den Doud, deen hei weder mythesch verklärt nach poetesch ëmschriwwe gëtt. Am Mëttelpunkt steet dat perséinlecht Erliewen, festgemaach u klengen Detailer déi op den éischte Bléck banal an alldeeglech schéngen, déi awer grad dowéinst ëmsou méi aussoe kënnen.

sur la patère

près de la porte

ton peignoir

dans la poche

un stylo, un bout de papier

et la clé de la voiture

Awer och de visuellen Aspekt vum Buch ass dem Pit Hoerold ganz wichteg.

Pit Hoerold: A wat och wichteg ass, sou wéi ech et emol gesinn, esou en Text huet am Fong geholl och eng visuell Struktur, an déi muss een och um Pabeier erëmbréngen. Also eng Grafik déi iergendwéi och duerch d'A an de Käpp bei de Leit ukënnt. A fir mech war et ëmmer wichteg fir Bicher ze maachen déi wierklech och flott sinn, soe mer emol einfach esou, déi gutt ausgesinn. 

Ënnermoolt, am beschte Sënn vum Wuert, ginn dem Pit Hoerold seng Gedichter vun dem Alain Welter sengen Illustratiounen. Zwou Hänn déi aneneen gräifen, en handgeschriwwene Bréif deen aus der Enveloppe luusst, e Pabeiersschëffchen um Waasser, d'Biller sinn eigentlech Gedichter ouni Wierder. Domat gëtt aus dem Buch e Gesamtkonschtwierk dat mat der Hëllef vum Illustrateur Alain Welter an dem Grafik-Designer Fern Rollinger entstanen ass. E Gedichtband dee ganz sécher seng Plaz op der Shortlëscht vum Servais-Präis verdéngt huet.