Experimenter doheem nomaachen, dat ass de Wonsch vun der Science-Ekipp vum FNR. Si setze kleng Videoe mat Experimenter online an da soll een dat doheem roueg och probéieren. Et kann een awer och Videoen eraschécken mat Experimenter, déi doheem gemaach goufen. Haut gëtt een Zaubertrick gewisen, bei deem eng Mënz verschwënnt. De Mr. Science, de Joseph Rodesch erkläert déi wëssenschaftlech Hannergrënn vun deem Trick.