De 4. September 1998 gouf a Kalifornien eng Firma gegrënnt, ouni déi eist Liewen haut warscheinlech e bëssi aneschters géing ausgesinn. Start een säi Browser fir an den Internet ze goen, kënnt een net ronderëm eng Sich bei Google. D'Tech-Entreprise ass hautdesdaags d'Nummer 1, wann et drëms geet, eppes am Internet ze sichen an ass déi meescht besichten Internetsäit op der Welt. Net fir näischt gëtt et dofir en eegent Verb, nämlech "googelen".

18.05.2020 Wat weess Google iwwer mech

An dat ass net grad wéineg. Déi éischt Fro, déi ee sech an dësem Kontext sollt stellen, ass: "Wéi verdéngt Google eigentlech Suen?". Well all hir Service, ob Maps, Drive, Gmail, News oder och nach déi beléiften Videoplattform Youtube, gehéieren dem Internet-Imperium a sinn fir eis User gratis. A genee dat ass de sprangende Punkt, well si sammele mat Hëllef vun Algorithmen eis Milliarden Donnéeën am Hannergrond a regruppéieren déi a verkafen se da weider un Entreprisen, déi doduercher méi konkret hire Marketing kënne gestalten. Et bréngt jo näischt, dass een zum Beispill eng Pub ugewise kritt vun Accessoiren fir Hënn, wann ee sech guer net dofir intresséiert.

Dat heescht Google sammelt am Hannergrond Daten iwwert eist Verhalen um Internet. Soubal mir also ee vun hiren Servicer benotzen, sief et eng simpel Sich op Google, de schnellste Wee fir laanscht de Stau ze kommen, oder de neiste Videoclip vun Ärer Liiblingsband op Youtube kuckt, späichert Google dat am Hannergrond. Huet een sech bis ee Google-Konto erstallt, kann een domadder op all hir Servicer zougräifen. An dat ass praktesch fir eis, ma och fir si.

Duerch dat neit europäescht Dateschutzgesetz mussen allerdéngs elo zanter 2018 Entreprisen, wéi eben och Google, sech u bestëmmte Reegelen halen. Eng dovunner ass och, dass een als Firma seng Konsumente muss doriwwer informéieren, wéi eng Informatiounen si vun engem hunn. An mir eis gespäichert Daten vun hinnen afuerderen kënnen an si, wa mir dat ufroen, och eis Date musse läschen. Virdeel bei sou enger Entreprise, wéi Google wier et awer och, dass se extrem vill maachen, fir eis Donnéeën ze schützen. An dat ass och an hirem Intressi. Schliisslech ass dat hire Business-Modell.

Wichteg wier, dass ee sech bewosst wier, dass Google eis Donnéeën sammelt. An da soll jiddereen fir sech entscheeden, wat en domadder mécht.

Google huet dofir eng eegen Internetsäit ageriicht, wou een op ee Coup all d'Donnéeë ka gesinn, déi si iwwert een sammelen.

An déi faméis Internetsäit ass  [/link]myactivity.google.com[link] .