Méi wéi 800km aus dem héijen Norden vun Däitschland bis quasi just virun déi belsch Grenz geet de Vëlostrip. Awer u sech ass Lëtzebuerg d'Ziel dat d'Anne van Wetteren ustrieft. D'Ursaach ass d'Roserei dass d'Grenzen zougemaach goufen wéi de Corona-Alarm an Europa ausgeruff gouf, an dofir struewelt d'Antropologin elo gemittlech den Frust mat dësem Tour erof.

Eng Leeschtung wann ee bedenkt dass déi jonk Lëtzebuergerin de Vëlo just all Dag aus dem Garage hëlt fir Moies op d'Schaff an owes nees zréck ze fueren. Dat sinn just emol 6km.
Hamburg-Bremen war e Samschdeg gutt gerullt, an gëscht vun de Bremer Stadtmusikanten bis op Dümmer waren et 110km. Dofir déi berechtegt Fro. Wéi geet eiser Hobbycyclistin?

18-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (1) alles ok

Mat engem Ziel vrun Aen fiert et sech nach emol sou gutt, och wann et beileiwen keng Course ass. An déi schéin Plage vun Dümmer war och keng Fata Morgana.

18-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (2) Strandbar

Eng gutt Fläsch Béier op der Plage huet gehollef, an dann natierlech déi eemoleg vue.
Fir d'Anne war den schéinen Ausbléck net ganz nei, och wann de Wee sech bis elo nach ni sou an d'Längt gezunn huet an de Motto oder den Auto dann awer méi séier sinn fir e puer Kilometer zréckzeleeën.

18-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (3) Dummer

d'Anne van Wetteren schafft an der Hotellerie, an dofir wëll se den Vëlostrip och notzen fir mat Deenen an d'Gespréich ze kommen, déi d'Kris mat am meeschten erwëscht huet, nämlech d'Restauratioun an d'Hotellerie. Een vun hinnen ass den Emmanuel aus dem Seeschlösschen, engem Hotel mat 4 Stären.

Fir hien a seng Kolleegen war et eng kreativ Zäit.

18-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (4) Hotellerie

Haut um 3ten Dag sinn et 120km vun Dümmer op Münster, déi zréckzeleeën sinn.
Op rtl.lu gëtt et d'Linken zum Instagrammaccount vum Anne, an e puer Fotoen zur Dokumentatioun.

Méi selwer Erlieftes nees muer um Radio.