Tëscht Hamburg an Uewerpallen leien eng 850km. Mam Zuch ass een do 9 Stonnen ënnerwee, mam Auto der 6 a mam Fliger geet et nach e gutt Stéck méi séier, wann alles normal leeft. A wëll de Moment guer näischt normal ass huet d'Anne van Wetteren sech op eng Aventure agelooss. Sie benotzt de Vëlo fir sech weider ze beweegen.

Zum engen ass dat gutt fir Geescht a Kierper. Hier Haaptmotivatioun waren awer déi zouen Grenzen. d'Anne léisst sech net gären aspären. Huet sech wéi vill aner Leit driwwer opgereegt, dass wéinst engem Virus an Europa d'Barrièren iwwerall erof gelooss goufen, an amplaz just hirem Ierger Loft ze maachen huet et si an d'frëscht Loft gezunn.

Gëschter Moien goung et an hirer neier Heemecht fort wéi se am RTL Weekend dem Mike Fandel, Patrick Greis a Carlo Sauber verzielt huet.

17-05-2020 Hamburg-Uewerpallen (1) RTL WE

d'Wieder hätt net besser kéinte sinn, a sou konnt een et als flotten Dagesausfluch mam Vëlo gesinn. No Ulafschwieregkeeten mat den 4 Himmelsrichtungen hätt een dat schlëmmst kéinten fäerten. Awer dat war just fir waarm ze ginn. D-Route 7 gëtt et wierklech.

17-05-2020 Hamburg-Uewerpallen (2) Wee fonnt

Mam Fanger op der Landkaart a wann een e bësschen um Internet luusse gëtt wierkt dat alles zimmlech idyllesch, an d'Fotoen léien net. Hanner Hamburg a Richtung Bremen kann de Stadmënsch optanken wat e soss vermësst, och, oder besonnesch a Corona-Zäiten.

17-05-2020 Hamburg-Uewerpallen (3) kleng Dierfer

d'Anne van Wetteren ass geléiert Antropologin an fënnt et faszinant wat grad soziologesch an a Punkto Wirtschaft geschitt.

17-05-2020 Hamburg-Uewerpallen (4) keng Heldegeschicht

100km gëllt et haut hannert sech ze bréngen, vu Bremen op Dümmer, och nach bekannt wéinst dem schéinen Dümmerséi.

Impressiounen vun ënnerwee muer bei eis am Programm oder op radio.rtl.lu wou een och e puer Fotoen gesäit an Zougrëff um Anne van Wetteren säin Instagrammaccount huet. Am ganzen 8 Deeg sinn emol ageplangt fir dee ganzen Anti-Corona-Velostrip