Vill vun eis hunn déi leschten Wochen al Hobbyen erëm entdeckt oder souguer nei Talenter bei sech gespuert déi virdrun net do waren. Beim Anne van Wetteren war et souguer nach eng Grimmel méi speziell. Si ass net gären agespaart an wéi nom Lockdown d'Grenzen nach ëmmer zoubliwwe sinn, wollt si net just nees aus dem Haus eraus, mee och d'Grenzen duerchbriechen a fiert zanter e Samschdeg vun Hamburg Richtung Heemecht mam Vëlo.

19/05/2020 Hamburg - Uewerpallen um Vëlo

D'Anne schafft a lieft de Gros vun der Zäit zu Hamburg. Awer déi iwwerzeegten Europäerin, déi fir gewéinlech de Vëlo just benotzt fir op d'Aarbecht ze fueren, huet sech selwer en Challenge gesat an ass bis elo gutt derduerch komm. Hamburg-Bremen, Bremen-Dümmer an um 3ten Dag Dümmer-Münster ouni dass d'Ketten erof léich oder d'Moral am Keller wier.

19-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (1) 110km

Hei schwätze mer also net vun enger Course wéi der Tour de France, mee mir schwätzen éischter vun enger Tour panoramique duerch eenzel däitsch Bundeslänner. Ouni Public laanscht d'Strooss déi een ufeieren, keng Caravane publicitaire, awer heiansdo muss ee stoen bleiwen fir sech d'Féiss ze vertrëppelen, oder wéi zu Osnabrück eng originell Adress kennen ze léieren.

19-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (2) shop

Em déi 100km den Dag zéien sech an d'Längt och wann d'Wieder nach ëmmer matspillt. Um Depart zu Hamburg war d'Anne nach eleng awer wéi et do schonn betount huet muss dat net um ganze Wee sou bleiwen.

19-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (3) compagnon

Den Tour huet d'Anne van Wetteren sech am viraus op der Landkaart gesicht fir méiglechst vill vun Land a Leit matzekréien, an et gouf och net enttäuscht. d'Rechnung ass opgaangen.

19-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (4) ennerwee