Wann d'Anne van Wetteren sech eppes an de Kapp gesat huet, dann ass et net ze ënnerschätzen. Déi zouen Grenzen hunn déi lescht Wochen eng Mëschung aus Rebellioun an dem Wonsch fir an Europa nees e Stéck méi fräi ze sinn, ervirgeruff, an dunn ass d'Iddi entstanen vun Hamburg Heem ze fueren. An dat mam Vëlo, ouni Plang a grouss Experienz fir sou laang Strecken um Drotiesel ze bewältegen.

No Bremen, dem Dümmersee a Münster ass elo dat nächst Etappenziel erreecht.

20-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (1) Etappenziel erreecht

Well d'Anne selwer an der Hotellerie schafft, an normal zu Hamburg stationéiert ass gouf sech am Hotel zu Köln och mat der Cheffin ausgetosch, déi do zanter Mäerz 2019 um Rudder ass. D'Gritt huet normalerweis 80 bis 90 Mataarbechter ënnert sech, awer wat ass wärend der Corona-Zäit schonn normal?

20-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (2) Hotel

E klengen, awer net onwichtegen Detail. Zanter Bremen gëtt d'Anne och vun engem Compagnon um Vëlo begleet. De Pierre an d'Anne kennen sech zanter 20 Joer. Hien kënnt aus dem Nopeschduerf, dem belschen Bonnert a schafft fir gewéinlech zu Offenbach.

20-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (3) compagnon

Zesummen maachen si also elo hire Wee, op d'mannst bis op Uewerpallen, an dat bei deem schéinsten Wieder

20-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (4) Wee