Et gëtt bestëmmt vill Leit déi all Dag, just de Weekend de Vëlo oder haut um Feierdag eraushuelen fir e puer Kilometer ze pedalléieren. Ennerwee fir op d'Aarbecht hunn ech der e puer begéint. Et gouf awer bestëmmt keen, deen dat an der Corona-Zäit gemaach huet, aus Frust virun Grenzen déi zougemaach goufen.

A scho guer net, wann een bis dato de Vëlo, méi als Deko gesinn huet, wéi als Transportmëttel fir länger Strecken. D'Anne van Wetteren ass also eng Ausnam. Sie schafft zu Hamburg an ass zu Uewerpallen doheem, an dertëschent louchen e Samschdeg de Moien nach 812km.

Entre-temps schmëlzt awer de Wee an d'Nimm vun den Uertschaften duerch déi se elo fiert kennt een schonn besser. Gëschter Köln an elo Andernach.

21-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (1) Andernach

Déi 800km an 8 Deeg zréckzeleeën war net just e Wonsch oder en Uleies. d'Anne erfëllt sech säin Dram. Et ass en Challenge an deen huet et bis elo gutt gemeeschtert.

21-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (2) Ziel

Fir eis, déi mer d'Anne zanter dem Depart e Samschdeg suivéieren, ass et e bësschen sou wéi wann ee Moies zur Fënster erauskuckt wéi d'Wieder ass. Sou lauschtere mir och all Dag wou d'Anne drun ass a wéi et him geet. Op de Vëlo nach ganz ass, an op d'Hobbycyclistin nach japsen a goe kann.

21-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (3) Ritualer

D'Anne van Wetteren ass op seng eege Féiss, oder villméi op seng eegen 2 Rieder gestallt.
De Pierre, e belsche Frënd aus der Kandheet, ass zanter Bremen als Compagnon derbäi, awer eng technesch Equipe, déi vir alles ronderëm suergt, gëtt et keng. Bis elo koum d'Anne gutt derduerch- ofgesinn vun e puer Klengegkeeten.

21-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo (4) Fazit

De Vëlostripp kenn der och op rtl.lu suivéieren mat Fotoen an Live-Andréck.

An Daumen drécken, dass alles gutt geet, kann een vun iwwerall.