Eng Kris ass och ëmmer nees fir eppes gutt, kéint een och beim Anne van Wetteren behaapten. Déi jonk Lëtzebuergerin, déi zu Hamburg lieft a schafft, wollt net méi laang agespaart sinn an huet no Heem op Uewerpallen verlaangert. Dertëscht leien gutt 800km. Well d'Grenzen awer zou waren, a si dat net verstoe konnt, wollt si en Zeechen setzen an huet sech op de Vëlo gesat. Leschte Samschdeg goung d'Aventure un, an de Mëtteg goung de Corona-Trip zu Waasserbëlleg op en Enn.

23-05-2020 Hamburg-Uewerpallen um Velo