Mer si matzendran an der Rubbarb-Saison. Mir hu beim Lëtzebuerger Kach Ben Weber nogefrot wéi eng Närstoffer dra sinn an op wat ee muss oppassen wann een en an der Kichen verschafft.

19/05/2020 Wei gesond ass de Rubbarb?

De Rubbarb huet säin Ursprong an der Himalaya-Regioun. Zanter dem 18te Joerhonnert gëtt en hei an Europa ugebaut. Duerch de Gehalt un Äppel-, Zitrounen- an Oxalsaier schmaacht e saierzeg a gëtt gären a Kompott, Jughurt an Taarte verschafft. Dofir gëtt en dacks als Uebst bezeechent, gehéiert awer offiziell zum Geméis, esou de Ben Weber vum Restaurant "Gudde Kascht". Et ginn esouguer verschidden Zorten:

Rubbarb 1

© Pixabay

De Rubbarb ass e liicht Geméis, mat nëmmen 14 Kilokalorien pro 100 Gramm. En hëlleft dem Kierper ënnert anerem  Kuelenhydrater ze verwäerten an d'Zellen gi viru fräie Radikaler geschützt. Dat läit un deene ville gudden Inhaltsstoffer:

Rubbarb 2

Och an de Stiller ass nach relativ vill Oxalsaier ze fannen, dofir sollt een déi och ëmmer schielen an den ënneschten Deel ofschneiden. Wann ee kee Rubbarb am Gaart huet an e muss kafen,  kann ee ganz einfach kontrolléieren ob en och wierklech frësch ass:

Rubbarb 3

Am Frigo hält e sech e puer Deeg, wann een en an e fiicht Duch awéckelt. De Rubbarb léisst sech och gutt afréieren, scho fäerdeg geschnidden oder als Kompott verschafft. An och an enger Zalot bréngt en e bësse Faarf an d'Spill:

Rubbarb 4

De Rubbarb soll een also net nëmme schielen, mä och kachen respektiv blanchéieren, da steet dem Genoss näischt méi an de Féiss.

© Pixabay