Mir kennen dat Gefill dach alleguer. An am schlëmmsten ass et, wann een dann och nach net dru kënnt. Nämlech do wou et ee grad onmoosseg bäisst. Ma huet een awer en Bass, deen einfach net ophält, dann hätt ee besser eemol bis bei den Dokter laanscht kucken ze goen.

22/05/2020 Wann d'Haut kraazt!

En internationaalt Fuerscherteam aus den USA an Däitschland huet erausfonnt, dass Patienten, déi en staarke Bass hunn, bis zu 6 mol méi heefeg Kriibs kënne kréien. Dofir hu si eng ronn 17.000 Patienten ënnersicht, déi tëschent 2013 an 2017 wéinst staarkem Bass an d'Spidol komm sinn. An hunn dunn déi Donnéeën verglach mat den aneren 5 Milliounen Patienten, déi am selwechten Zäitraum am Spidol passéiert sinn. Erauskomm ass, dass bei de Patienten, déi sech andauernd hu missen krazen, et 6 mol méi probabel war, dass se en Tumor kruten.

Normalerweis wier Bass meeschtens awer eng krankhaft Verännerung an der Haut, déi een och mam bloussen A kéint gesinn, seet den Dr. Xavier Miller. Wéi zum Beispill, wann ee vun enger Moustique gepickt gouf, een eng Gürtelrose kritt oder soss nach aner siichtbar Reaktiounen vun der Haut. Mee da géingen et awer och déi Fäll ginn, op déi een misst oppassen. Nämlech dann wann een sech zwar andauernd muss krazen, mee een op der Haut net gesäit, wat de Grond dofir ass. An dann ass meeschtens eppes an eisem Kierper, dat net stëmmt. An do kann et dann och mol virkommen, allerdéngs bei enger Minoritéit, dass een doduercher en Tumor am Kierper entdeckt.

Et misst ee sech als Dokter op d'Sich maachen mat Hëllef vun spezifeschen Analysen. Allerdéngs kéint et och sinn, dass een net direkt géing eppes am Kierper fannen. Ma do gëllt et awer opzepassen, well de Bass kéint och en sougenannten "Syndrome paranéoplasique" sinn, also en Symptom dat zesummen mam Kriibs kéint opdauchen.

Staarke Bass kéint awer och en Symptom vun enger Krankheet sinn, déi dacks bei jonke Leit virkënnt. Nämlech bei enger spezieller Form vu Lymphdrüsekriibs, dem Morbus Hodgkin. Et géing awer nach eng drëtt Krankheet ginn, déi staarke Bass kéint ausléisen. Nämlech de chroneschen Bass an dee kéint een zimmlech séier mat Hëllef vun enger UV-Therapie an de Grëff kréien.

Egal wéi sollt een och net zécken fir bei den Dokter ze goen.

An der Etüd konnten d'Fuerscher allerdéngs net erausfannen, ob fir d'éischt de Kriibs oder de Bass do war. Dofir missten si nach weider fuerschen.