Muer an 3 Wochen, de 14. Juni ass Mammendag. Deen Dag soe mir eiser Mamm Merci fir all dat, wat si fir eis mécht. De Camille Ney huet awer elo scho wärend dem Confinement geléiert, dass am Fong all Dag Mammendag misst sinn.

23/05/2020 Apropos O Mamm o Mamm 13h10

O Mamm, o Mamm ! Et misst een den Alain Atten emol froen, wou deen uralen Ausdrock hierkënnt! An Däitschland si se iwwregens an deem Thema schonn emanzipéiert, do heescht et jo „Mann o Mann“! Wann een sech iwwer eppes opreegt, oder erstaunt ass, hu schonn eis Grousselteren dësen Ausdrock gebraucht! Sécher net, fir sech iwwer hir Mamm opzereegen, esouvill schéngt mir kloer ze sinn!

Déi läscht 10 Wochen ass mir awer virun Allem eppes bewosst ginn, wou en eventuell kënnt hierkommen: o Mamm, o Mamm, wat mécht déi eppes mat! Als Mann fiert een dacks moies op d’Schaff ier d’Kanner aus dem Haus ginn a kënnt owes nees heem, wa se scho bal am Bett leien. Et kritt een also just de Weekend mat, wéi ustrengend d’Kanner kënne sinn! An dann och nach! Déi läscht Wochen, an deene mir hinnen a si eis net aus de Féiss koumen, krut ech dacks vu menger Fra gesot: „Gesäis Du elo emol wéi dat ass?! Verstees de mech elo besser, wann ech op 1000 sinn!?“

Op béid Froen kann ech elo mat „jo“ äntweren! „Wéini oder wat gëtt et z’iessen? Wou ass mäin hei…, wou ass mäin do…?“ gehéieren do nach zu den harmlose Froen, och wa se gefillt all Stonn gestallt ginn. Ech schwätzen an dësem Fall scho vu méi grousse Kanner: Botzen, follegen, raumen, spullen, ofdréchnen, wäschen, strecken schénge Verben ze sinn, déi net an hirem Dictionnaire dra sinn, oder eréischt opgeholl musse ginn. Et sief dann, ech hätt vergiess hinnen ze soen, fir se ze googelen. Dat wier dann alt nëmmen eng vu gefillten dausende Minutten, déi si souwisou vu moies bis owes um Smartphone, Tablet, Computer oder Tëlee verbréngen, bis d’An wéi automatesch, elektresch Rolllueden erof ginn a moies fir d’Vrecken net méi wëllen erop. An trau Dech se dann ze forcéieren, da fänkt den Dag scho granzeg un!

Als Erwuessene frees Du Dech dann: waars Du als Kand genee esou ustrengend, och wann et dat elektrescht Geschier dunn nach net gouf? Deng Eltere géife sécher mat „jo“ äntweren. Den Home-Office war mir op alle Fall eng gutt Léier: all Respekt fir déi Pappen, déi dat emanzipéiert maachen an och hi kréien – ech hätt déi deeglech Gedold sécher net - a grad esou e grousse Respekt fir all eis Mammen, fir déi dat do „business as usual“ ass! Mir Männer wësse jo, dass d’Mamm meeschtens déi éischt Bezuchspersoun fir eis Kanner ass, a – si mer éierlech – sinn och meeschtens frou doriwwer, heiansdo och jalous. An deem Sënn misst am Fong all Dag Mammendag sinn, well eemol d’Joer geet bei där dagdeeglecher Leeschtung net duer! Ech denke mer, dass ech mat dëse Gedanken an Erfarungen net eleng do stinn. Hoffe mer, dass den Déconfinement elo derzou bäidréit, dass erëm e bësse Rou an d’Haus kënnt!

An ech weess och scho wat d’Kanner elo vu mir denken: o Mamm, o Mamm…!