Firwat net solidaresch sinn an dëse Summer hei am Land Vakanz maachen? De Grand-Duché huet vill flott Plazen a Campingen ze bidden. Mir hu mat der Camprilux geschwat, der Vereenegung vun de Campingsbesëtzer an -exploitanten.

20/05/2020 Camping zu Lëtzebuerg

Mer kennen de Grand-Duché bestëmmt net esou gutt ewéi mer all mengen an et schwätzt och näischt dogéint fir Plazen erëm nei ze entdecken.

D'Linda Gedink vun der Camprilux, der Vereenegung vun de Campingsbesëtzer an -exploitanten, ass op alle Fall der Meenung, dass et vill Virdeeler huet. Et brauch een zum Beispill net wäit ze fueren: dat spuert Zäit, Bensin a Nerven. Wie sech net traut direkt eng ganz Vakanz op engem oder méi Campingen heiheem ze buchen, kann et jo mat engem kuerze Weekend probéieren.

Camping 1

Et gi vill Méiglechkeeten fir hei Vakanz ze maachen. Fir déi, déi gären op der Terrass sëtzen oder an der Sonn leien, awer och fir déi méi aktiv Persounen:

Camping 2

Et kann een och Fëschen a Klammen. Op de Campinger hei am Land fënnt ee villes wat et am Ausland gëtt: et gi Plazen fir Zelter, Caravannen, Campingcaren, awer och eng ganz Partie Locatioune ginn ugebueden ewéi ageriichte Chaleten an dee sougenannte "Glamping". Mat extra Hütten, Pods, Schloffässer, Tipi- oder Safari-Zelter.

Camping 3

© Pixabay

D'Campinge si preparéiert fir d'Leit a Corona-Zäiten ze empfänken. Déi meescht Campingbesëtzer hu sech op alle Fall scho Gedanke gemaach.

Camping 4

Op engem speziellen Internetsite kënnt Dir all Campingen, déi Member sinn, uklicken an zum Deel online buchen.

© Pixabay