Mat der Corona-Pandemie war och d'Infodemie gebuer. Neit Wuert fir déi Abberzuel vun Informatiounen zu deem Virus, ënnerwandert duerch nach méi Fakenews an dofir grad esou geféierlech wéi d'Epidemie selwer. Gerüchter, falsch Noriichten a Verschwörungstheorie verbreede sech am Verglach zu seriösen Neiegkeeten a Fakte 6 mol méi séier an déi beschte Fake News erreeche och méi Mënschen. Firwat dat sou méiglech ass, firwat Mënsche sech Äntwerten zesumme reimen a wéi schwéier et ass den Iwwerbléck ze behalen, versiche mir iwwert den Dag ze beliichten. 3 Experte kommen zu Wuert: de Psychiater Paul Rauchs, de Raphaël Vinot vu CIRCL (The Computer Incident Response Center Luxembourg) an den Direkter vun der Ilres Luc Biever. E Reportage vum Marie Gales.

25052020 Infodemie 1

Fake News ass net e Begrëff, dat de momentanen US-President erfonnt huet. Dës goufen et och schonn s virun him, mam Trump goufe se just méi populär, well virun allem hien alles als falsch Noriichte klasséiert, déi him net an de Kromm passen a hie selwer villes vu sech gëtt, wat Fake News kéinte sinn! Säi Liblingsmedium ass Twitter an do wiere mir schonn s beim Tool, de Soziale Medie fir Neiegkeete vun aller Zort an d'Welt ze verbreeden, Luc Biever.

Luc Biever: Wa mir elo 2001 huelen, bei den Terroruschléi vum 11. September gouf et och vill falsch Noriichten. Mä si hu vill méi laang gebraucht bis se ronderëm gaange sinn a bis Leit drop reagéiert hunn. Haut sief et iwwer Twitter, Facebook oder Whatsapp kënnt Dir enorm séier Informatioune weider ginn. Dat ass sou wéi eng Feedbackschléif; wann ech iergendeppes dorobber schreiwe wat och net stëmmt, kréie ech ganz séier e Retour. Do kréie ech Leit, déi dat liken, kommentéieren, déi et weider sharen an dat bestäerkt deen een, deen et schreift an deen, deen op sou eng Informatioun gewaart huet, gëtt och bestäerkt well e gesäit ech sinn net deen eenzegen, deen sou denkt oder der Meenung ass, dass do eppes anescht ass.

Fake News sinn natierlech méi iwwerraschend wéi eng banal Wouerecht an sou munch ee gëtt sech domadder net zefridden.
Luc Biever: Mir (Ilres) hunn am Ufank vun der Pandemie e Sondage gemaach bei de Lëtzebuerger an do hu mir 1000 Leit gefrot wéi si d'Aarbecht vun der Regierung fannen. Nëmme 24 Prozent waren der Meenung deen Ament, dass d'Kommunikatioun kloer wier, also wierklech wëssen ëm wat et geet. Wat awer méi erstaunlech ass, war dass 48 Prozent den Ament der Meenung waren, si (Regierung) verstoppen eis eppes. Sou an déi Iddi mir kréien net alles gesot oder do muss méi derhannert sinn, déi féiert dozou, dass sech Leit eppes zesumme spannen, dass se Elementer zesumme maachen, déi am Prinzip näischt domadder ze dinn hu fir sech méi eng grouss Geschicht dorausser ze maachen wéi se schonn s tatsächlech ass.

Et ass virun allem dat Onbekannt an dat, dat een nach net erlieft huet, wat quasi eemoleg ass, dat zu engem Gefill verleet ze denken, dass do nach vill méi muss sinn, wéi dat wat een erzielt kritt.
Luc Biever: Wat mir mierke wa mir Sondage maachen, dass d'Leit wierklech e Besoin hunn driwwer ze schwätzen. An aus deene Gespréicher héiert een och, dass se sech Froe stellen. Dat heescht sou laang et eng gewëssen Ongewëssheet gëtt an hei si mir jo elo an enger Situatioun, obwuel mir awer elo schonn s vill wëssen, sinn ëmmer nach Saachen, déi net kloer sinn: Wéi ass de Krankheetsverlaf? Gëtt et elo e Mëttel dogéint? Wéini fanne mir dat? A sou laang vill oppe Froe bleiwen, gëtt et dat Onbekannt an dat léisst ëmmer Spillraum fir Falschinformatiounen.

Interessant ass och ze gesinn, wat dës Pandemie sech weiderzitt, wat dat mat de Verschwörungstheorie méi gëtt.
Luc Biever: An et ass haut jo och liicht sou eppes ze maachen. Jiddweree mat sengem Handy kann domadder e schéine Video maachen, en hëlt sech e puer Sourcen zesummen an e stréckt sech eppes zesummen, wat en esouguer aus sengem Point de Vue ka beleeën. An en huet och nach e Medium wat et mat 2 Fanger erlaabt quasi duerch d'ganz Welt ze schécken.

Sou wäit den Direkter vun der Ilres Luc Biever. Wéi ee Fake News keng Chance gëtt an wéi een derhannert gesäit, genee do setzt de Raphael Vinot vu CIRCL un. Dëse Reportage héiert Dir ëm 12h15 op RTL Radio Lëtzebuerg. An den Psychiater Paul Rauchs erkläert ëm 16h15 firwat deen een éischter tentéiert ass Fake News ze gleewen wéi en aneren. Op rtl.lu fannt Dir de ganz Reportage fir nach emol ze liesen an ze lauschteren.