Véier Joer laang huet d'Lëtzebuerger Nationalspillerin Lisa Jablonowski, 1m89 grouss, an den USA Politikwëssenschaft studéiert an op hirer UNI vu Virginia och Basket gespillt. Eng duebel wichteg Erfarung, well se sech domadder konnt perfektionéieren. Elo ass d'Lisa Jablonowski och wéinst der Corona-Kris nees zu Lëtzebuerg a krut de leschte Samschdeg hire Bachelor online iwwerreecht. Doriwwer awer och iwwer hir méiglech Profi-Basket-Kariär geet Rieds am Interview mam Lisa Jablonowski.

22/05/2020 Lisa Jablonowski

Et war éischter en onperséinlechen Ament, wéi d'Lisa Jablonowksi lescht Woch de Bachelor iwwerreecht krut, leider net dat grousst Event, wéi een et vun den amerikaneschen Unië kennt. Mä duerch d'Coronakris war si sech bewosst, datt et besser war éischter op Lëtzebuerg zeréckzekommen, nodeems de Studium ofgeschloss war. Si huet sech awer an der Zäit, wou de Confinement ugaangen ass, gutt opgehuewe gefillt op hirer Uni.

Fir hire weidere Studium mécht se sech nach net direkt Gedanken, schléisst et awer net aus, och nach eemol e Master ze maachen.

Elo wëllt se sech emol nees op de Basket konzentréieren. Déi véier Joer an den USA ware fir si eng flott, intensiv a wichteg Zäit fir hir Sportkarriär. Als Profi wéilt se schonn an den nächste Jore gär an Europa spillen, wou genee konnt a wollt se nach net verroden, ëmmerhin steet och hannert de Sport-Saisonen nach iwwerrall e grousst Fragezeichen.

Sécher ass awer fir d'Lisa Jablonowski, datt si nees fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp spillt, duerch den Openthalt an den USA war dat an de leschte 4 Joer, méi komplizéiert.