Brout baken, Strécken oder bitzen, am Gaart wurschtelen, an Zäite vum Confinement déi lescht Wochen doheem hate ganz vill Leit Zäit fir nei Leidenschaften z'entdecken a goufe richteg kreativ. Selwergemaach ass net nëmme gutt fir d'mental Gesondheet, mee et ass och eng Oflenkung déi ganz wëllkomm ass. D'Michèle Schons huet sech mol ëmfrot wat Neies a Flottes entstanen ass:

22052020 Selwermaachen - Deen neien Trend an Zaite vu Pandemie

D'Aschränkungen an de leschte Wochen hunn net nëmmen eis Gewunnecht verännert. Iergendwéi hunn se eis och forcéiert eis Fantasie z'aktivéieren an mol op verstoppten Talenter ze kucken. Och wann elo nees alles méi labber ass, heescht dat net dass d'Liewen nach ëmmer dat selwecht ass wéi virdrun. Déi eng hu sech fir Kraider interesséiert, Gebeess gekacht, agemaach, anerer hunn hir Leidenschaft fir d'Fotografie entdeckt, oder fir d'Molen, nach anerer hunn hire komplette Liewensstil geännert oder hu probéiert al oder festgefuere Gewunnechte lass ze ginn. Mir hunn ënnerschiddlech Broutvariatioune kennegeléiert, oder sinn zum Kach ginn an hunn den Gnocchi-Trend oder asiatesch Kichen probéiert nozekachen. Eent ass sécher, mir haten endlech mol Zäit fir all déi flott Saachen.

Egal fir wat een sech decidéiert huet, Fakt ass op Allefall, dass esou handwierklech a kreativ Aarbechten sech immens positiv op d'Gehier auswierken, Emotiounen a Stress reguléieren an esouguer Depressiounen reduzéiere kënnen. Op dat dann elo Alles bäibehale gëtt, ass eng aner Fro.

Also et ass mol derwäert fir driwwer nozedenken, well eng aner positiv Wierkung huet den Trend zum Selwergemaachen nach: e stécht un!