Wat fir eng Tut ass déi besser? Am beschte keng, wann ee ganz éierlech ass. Allerdéngs sinn awer Milliarde Plastikstuten nach am Ëmlaf, obwuel hinnen de Krich ugekënnegt gouf an a munch Länner souguer verbuede sinn. Soll een da léiwer déi Pabeiertuten elo huelen? D'Marie Gales huet mol nogesicht wat een alles ka falsch maachen an net an d'Tut soll kommen.

22052020 Tuten iwwer Tuten

Dir kennt se bestëmmt déi Tuten, déi ee beim Akafen derbäi keeft, well ee säi Kuerf nees vergiess huet. Genee déi, an dës aus Plastik endegen dacks als Dreckstut. Ëmweltfrëndlech ass dat awer net, och wa se elo 2 mol am Gebrauch ass. Well dës si meeschtens aus engem anere Plastik a méi déck wéi normal Dreckstuten an dat heescht, dass fir hir Produktioun méi Ressourcen an Energie verbëtzt gouf. Dofir da besser dann déi Akafstut weider benotze fir akafen ze goen an da richteg entsuerge wa se um Enn ass.

Mat kompostéierbare Plastikstuten mengt een ökologesch am Virdeel ze sinn, deem ass awer net sou.  Bei der Produktioun vu „Bio“-Konschtstoff gi Pestiziden a Mineraldünger agesat. A Bio-Plastik huet eng leider nach ze laang Liewensdauer. Dofir net an d'Landschaft geheien an och net an de Biomüll. An der Kompostéierungsanlag géife si den Humus stéieren a da musse Stécker vun dëser Tut nees opwänneg aussortéiert ginn. Och am Container hätt dëse Bio-Plastik näischt ze sichen.

Ok, da probéieren ech et mat Pabeiertuten. Richteg ass, dass dës méi séier kënnen ofgebaut ginn wéi elo déi aus Plastik. Mä dat war et schonn s mam eenzegen Avantage. Fir dass dës Tut net sou séier futti geet, muss d'Material am Verglach zum Plastik méi déck sinn. Dofir si Pabeiertuten och bal duebel sou schwéier a verbrauche fir den Hierstellungsprozess méi Matière Première, Energie, Waasser a Chemikalien. Genotzt gi se genee sou laang wéi hire Plastikspendant: 25 Minutten am Duerchschnëtt.
Geheit äre Pabeiertut och net ewech, mä benotzt se sou laang wéi méiglech wann Dir se da schonn s hutt. 

Iwwregens an der EU landen ëmmer nach 90 Prozent vun alle Plastikstuten um Dreckstipp a wa se schlecht entsuergt ginn, dann och an der Ëmwelt an am Mier. Plastik gëtt recycléiert, mä awer net all Plastik! A Recycléieren verbraucht och Energie a Ressourcen.