Egal op mam Chef, mam Client, mam Kolleeg, oder och mam Partner - d'Geheimnis fir en agreabelt Klima ze schafe läit an der Kommunikatioun a wéi ee mateneen ëmgeet. E gutt Gespréich mécht net nëmme gutt Laun, ma si optiméiert och nach d'Zesummeliewen oder d'Zesummenaarbecht a fuerdert d'Motivatioun. Dacks ass et awer esou dass d'Kommunikatioun ne klappt an da Malentenduen a Konflikter entstinn, wat zu Sträit an Trennunge féiert. Besonnesch an eelere Generatioune ware Konflikter dacks virprogramméiert. Sinn dann haut d'Mënschen éischter prett un sech ze schaffen, oder net, Michèle Schons?

25052020 Wei kann ee besser matenee kommunizeieren an eens ginn

Fréier waren zwee Stiler besonnesch verbreet: Entweder hat deen een d'Soen an deen aneren huet gekuscht, oder et war eng Pseudo-Harmonie, bei där Konflikter evitéiert goufen fir de gudde Fridden. Haut kënnt et duerchaus vir dass staark Perséinlechkeeten unenee geroden an d'Wouerecht op béide Säiten an zu zwee ufänkt. Aenhéicht nennt een dat. Mir si schonn e gudde Krack méi wäit a méi sensibel wat tëschemënschlech Kommunikatioun ubelaangt, och wann et net ëmmer einfach ass.

Och wa mer déi selwecht Sprooch schwätzen an eis gutt verstinn, laueren trotzdeem op där enger oder anerer Basis Mëssverständnesser. Dass een eng Aner Meenung huet an déi och vertrëtt ass awer wichteg, an och Sträit ass wichteg fir net ze stagnéieren a virunzekommen. Mee och Streide wëll geléiert sinn, an do sollt ee virun allem drop oppassen fir ze hannerfroen an ze soen wéi een sech d'Gespréich wënscht, fir net falsch verstanen ze ginn.

Insgesamt sinn d'Leit awer hautzedaags och prett fir un sech ze schaffen, an dat gëllt natierlech virun allem fir d'Aart a Weis wéi mer mateneen ëmginn. Hei spillt d'Empathie eng grouss Roll.

Zu gudder Lescht ass d'Nolauschteren natierlech och wichteg, a wann et wierklech net méi viru geet, sollt een och de Courage hunn sech vulnerabel ze weisen, an ze soen wéi een sech grad fillt.

An da soll een natierlech och authentesch bleiwen, dacks kënnt et grad an esou Gespréicher vir dass mer an eng Roll klamme, fir eis besonnesch kompetent an iwwerleeën ze weisen, mee en Oscar kréie mer dofir sécher net.