Haut ass et fir d’lescht datt mir d’Equipe vu science.lu an der Sendung hu mat hiren Experimenter fir doheem nozemaachen. An den Ofschloss mécht d’Michele Weber, hatt erkläert eis wéi ee mat Loftdrock eng Wollek an enger Fläsch produzéiere kann.

29/05/2020 Science.lu: Wollek an der Fläsch

Wat brauch een da fir dëst Experiment?

Et brauch een eng eidel Plastiksfläsch vun 1L oder 1,5L, e Stopp vun enger Wäifläsch, en Opsaz vun engem Buerer, e Ventil vun engem ale Vëlosschlauch, eng Vëlospompel, an e bësse Brennspiritus.

Kléngt geféierlech!

Nee, d’Experiment ass u sech net geféierlech, mir maache kee Feier mam Brennspiritus, mee effektiv soll een domat oppassen, an en definitiv net drénken!

Wat een dann domat muss mann ass an ärem Video op science.lu ze gesinn an och bei eis hei um Site, mee erkläert kuerz, wéi mécht een d’Experiment?

Fir d’éischt hëlt een de Wäistopp a schneit en an zwee. Eng Hallschent vum Stopp erwiermt ee fir 30 Sekonnen an der Mikrowell, fir datt en bësse méi déck gëtt, well e muss herno dicht op der Fläsch sëtzen. Da mécht ee mat engem Opsaz vun engem Buerer e Lach duerch de Stopp, dat grad grouss genuch ass datt een d’Ventil vum ale Vëlosschlauch kann derduerchstiechen.

Da fëllt een e bësse Brennspiritus an d’Plastiksfläsch an dréint d’Fläsch e bëssen, sou datt de Brennspiritus sech op de Wänn vun der Fläsch banne verdeelt. An da mécht een de Stopp mam Vëlosventil op d’Fläsch a schléisst dat un eng Vëlospompel un, hält de Stopp gutt fest, a pompelt e bësse Loft an d’Fläsch.

Da léist een de Stopp vun der Fläsch erof an et entsteet tatsächlech eng wäiss Wollek an der Fläsch.

De Spiritus verdonst immens séier, et bilt sech an der Fläsch also e Gas. Beim Pompelen entsteet Drock an der Fläsch, a wann een de Stopp da léist, hëlt den Drock an der Fläsch op ee Coup of. An dobäi killt d’Loft an der Fläsch och ganz séier of. Deen Ament gëtt en Deel vun deem verdonste Spiritus rëm flësseg, a Form vu mini klengen Drëpsen. An déi gesi mir als wäiss Wollek.

A wéi entstinn dann d’Wollken um Himmel, déi besti jo aus Waasser, net aus Spiritus?

Dat Experiment geet och mat Waasser, just net sou einfach wéi mat Spiritus. Mee d’Wolleken um Himmel entstinn esou; d’Loft déi mir anootme besteet zu engem groussen Deel aus gaasförmegem Waasser. Daagsiwwer, wann d’Sonn schéngt, erwiermen d’Sonnestralen d’Loft, déi da wéi en onsiichtbaren Heissluftballon Kilometeren an d’Luucht klëmmt.
Soubal d’Loft no uewe klëmmt, killt se no an no of. Kal Loft ka manner Fiichtegkeet späichere wéi waarm Loft. Dofir verwandelt sech en Deel vun dem gasfërmege Waasser a ganz kleng Waasserdrëpsen. Sou wéi och beim Experiment mat der Fläsch. Dann nennt een och Kondensatioun.
Déi Minidrëpsen um Himmel si liicht wéi eng Fieder – si schwiewen a gi vum Wand iwwer grouss Distanze gedroen. Wa bis vill där Minidrëpse sech ugesammelt hunn, gesi mir vun der Äerd aus eng Wollek.

[link title="Hei geet et op sience.lu"]http://www.science.lu[/llink]