1966 gouf d'Fondation Raoul Follereau Lëtzebuerg  gegrënnt mam Zil fir déi mënschlech Solidaritéit ze fërderen a géint all Form vun Ausgrenzung virzegoen, déi besonnesch duerch Krankheeten zustane koumen, wéi zum Beispill duerch Lepra. Haut setzt d'Fondatioun op Projeten, déi d'Entwécklung virun dreiwen fir d'Gesondheet op deene Plazen ze verbesseren, wou si am Asaz sinn. Wéi gesäit et dann elo a Coronazäiten do aus, d'Marie Gales huet mat der FFL-Directrice Conny Reichling geschwat.

18052020 Afrika an der Coronakris

Afrika ass déi Plaz an dem d'Fondation Follereau ausschliisslech aktiv ass. Zur Zäit gesäit een nach eng Inconnue wat d'Auswierkunge vum Coronavirus op d'Mënschen an deene verschiddene Länner huet, dëst well déi offiziell Zuelen net mat der Realitéit iwwertenee stëmmen an, Conny Reichling.
Och eben well d'Capacitéit fir déi néideg Preventiounsmesuren opzestellen, d'Prise en Charge vun deene Kranken ze garantéiere vill méi kleng ass an deenen afrikanesche Länner, zemools am ländleche Raum wéi elo hei am Land. D'Kommunikatiounsweeër an déi kleng isoléiert Dierfer sinn och net einfach, sou dass e groussen Deel vun der Populatioun d'Informatioune spéit oder ze spéit kritt fir sech gutt kënnen ze schützen an déi richteg Mesuren ze huelen am Verglach zu de Stied.

Ferm betraff an Afrika wiere Burkina Faso, Elfenbeinküst an Guinea. Éier een elo vun engem Impakt op d'FFL-Projete schwätzt, muss ee fir d'éischt dee vun der Pandemie bei de Mënschen consideréieren.
Zemools fir déi ländlech Bevëlkerung, fir déi FFL hir Projete maachen, ass d'Pandemie net hire grousse Probleem. Fir si heescht et am Alldag ëmmer op en Neits kucke wéi kann ech meng Famill ernären, wéi kommen ech duerch den Dag, wou kréien ech Aarbecht hier, wéi kréien ech mäi Feld bestallt. An do ass d'Pandemie just e Facteur méi, dee sech hinnen an de Wee stellt fir den Alldag, dee souwisou schonn s haart ass, ze meeschteren. Wann een dann de Choix huet, tëscht Iwwerliewen an eventuell e Virus ze kréien, dann ass d'Decisioun séier geholl. An deene Länner kenne déi meescht Leit Epidemien an déi alldeeglech Kränkten, déi och kënnen dramatesch sinn. An do stellt sech d'Fro och net ob een da schaffe geet oder seng Famill net kann ernären, well ee sech schütze misst virun engem Coronavirus.

Dofir geet d'Aarbecht vun der Fondation Raoul Follereau virun, well et u sech keng ganz nei Situatioun ass an si och Zougang zu deene ländleche Géigenden hunn, déi méi schwéier ze erreeche sinn.
Natierlech d'Konditioune sinn net einfach. D'Associatiounen, mat deenen d'FFL an Afrika schaffen, musse sech och un déi virgeschriwwe Consigne halen fir sech ze schützen an dann ass et net evident fir sou den Informatiouns- a Sensibiliséierungsfloss wierklech ze assuréieren.
Och wa Gesondheetspoliticken a -Strategie existéieren, klappt dat mat der Ëmsetzung nach net richteg an dofir sinn d'ONGen op deene Plaze elo grad nach méi wichteg.
Fir do de Bäitrag ze leeschte fir géigenzesteieren an de Gesondheetssystem matopzebauen, fir dass d'Strukture gutt opgebaut si fir a sou Krise kënnen ze hëllefen.

Ofgesi vun der Gesondheetskris an Afrika, wäert d'Wirtschaftskris en nach méi grousse Schued uriichten an et wäert dee Kontinent sinn, deen am meeschte vun dem Virus wäert betraff sinn.
Well dee ganze System an d'Wirtschaft gréisstendeels op engem informelle System baséieren, dat heescht do ginn et keng sozial Mesuren, kee Chômage partiell oder däers. Dat kann deelweis ganz dramatesch Suitten hunn, dat selwecht gëllt och fir de Gesondheetssystem.

Op der Internetsäit vun der Fondation Follereau kënnt Dir den Artikel nach emol op däitsch a franséisch noliesen