Bal jidderee kennt dëse klenge Vull an och an eiser Sprooch huet hie sech hutt agebiergert. De Spatz! Dësen ass ee vun de bekanntste Vetrieder aus der Villercherswelt an ass elo de Vull vum Joer 2020. Wat een alles iwwert de Spatz oder fir et ganz richteg ze soen den Hausspatz wësse soll, huet d'Marie Gales bei Natur an Ëmwelt nogefrot.

24/02/2020 Vull vum Joer 2020: Den Hausspatz

Do wo Mënsche sinn, fënnt een och Spatzen, et ass e ganz gesellege Villchen, deen et an der leschter Zäit awer ëmmer méi schwéier gemaach kritt. Ma e Spatz ass wichteg, well en dach eng wichteg Roll bei Schädlinge spillt, hie frësst déi, Elisabeth Kirsch erkläert dat mat engem Beispill aus China.

Am 19. Joerhonnert goufe Spatzen a China quasi ausgerott, duerno ass et do zu enger Insekteplo komm. De Spatz ass eigentlech e Kärefrësser, mä fir seng Jong opzezéien do ernäert en dës mat Nahrung vun Déieren, eben Insekten a Larven. Nodeems déi Spatze fort waren, koum et du zu enger massiver Insekteplo.

De Spatz fënnt een um Bauerenhaff, grad sou och a Siidlungen/Citéë bei den Haiser, an de Gäert, op groussen ëffentleche Plazen, kuerz iwwerall wou hien eppes ze friesse fënnt.

Fréier do vu Mënsche ware sinn d'Déiere gehale ginn an do wou Déiere waren, goufen déi gefiddert. Et gouf do iwwerall wou Mënsche ware fir de Spatz Fudder a Form virun allem vu Kären. De Villchen ass awer och ganz upassungsfäeg, entretemps gesäit een dann och op anere Plazen wéi op enger Gare, wou Mënschen vill Knascht hannerloossen.

Virun allem sinn dat dann Iessensreschter, déi vun eis wech geheit ginn. Dat ass elo net immens gutt fir dee klenge Spatz, mä dat ass nach laang net alles wat him op de Mo schléit.

Op där enger Säit ass et den Narungsmanktem, deen en zousetzt, op där anerer Säit ass et virun allem d'Plaz wou e ka bréien, déi him ufänkt ze feelen. De Spatz ass engersäits deen, dee fréier an all méigleche Splécken gebréit huet, ënnert dem Dach, a Mauerritzen, an Nischen och mol an Näschter vu Schmuewelen oder a Fassaden, déi begréngt ware mat Efeu oder Wëllem Wäin. Déi Plaze ginn einfach mat eiser moderner Bauweis, och op de Bauerenhäff souguer, ëmmer méi rar a de Spatz fënnt da keng Plaz méi fir seng Näschter ze bauen.

Héichgerechent eng 35.000 Koppele Spatzen, also eng 70.000 Stéck hu mir zu Lëtzebuerg;  et ass awer net dee Villchen, deen et am meeschten zu Lëtzebuerg gëtt, do dominéiert en aneren, nach emol d'Elisabeth Kirsch.

Bei de Wantervullenzielungen dominéieren d'Märelen oder d'Schielmeesen, dat sinn déi, déi an de meeschte Gäert virkommen, an 9 vun 10 Gäert. De Spatz an e wéineg manner Gäert, mä zueleméisseg ëmmer awer un éischter Plaz. Hien ass en immens gesellege Villchen, dee gäre mat anere Spatzen zesummen ass. Fir Nahrung ze sichen oder ze bréien, dat mécht en am léifsten a Kolonien. Also e Spatz kënnt seelen eleng!

Och wann de Spatz op der Virwarnstuf vun der Rouder Lëscht vun de Villercher zu Lëtzebuerger steet, ass hire Bestand an de leschte 6 Joer stabil bliwwen. An aneren europäesche Länner gesäit dat anescht aus, do geet et dem Spatz net gutt.

"Besser e Spatz an der Hand, wéi eng Dauf um Dach." Dat kennt een an eise Géigenden. A Japan soe se ''D'Stëmm vun engem Krukert ass besser wéi d'Päife vun 1000 Spatzen.'' An a China seet e Spréchwuert ''Mat Amenter gëtt et Bam gehae fir e Spatz ze fänken."

A ''mäi klenge Spatz'' hutt Dir bestëmmt och schonns mol héieren.