Ëmmer méi Leit kommen nees zréck an d'Büroen. An der aktueller Situatioun ass dat awer just méiglech wa streng Hygiènesmesuren agehale ginn. Dozou gehéiert dann och dacks de Gebrauch vun Desinfektiounsmëttel. Deen soll all Keimen a Bakterie vun Iwwerflächen oder den Hänn ewech kréien. Mee kann dat och ze vill sinn? Lea Schwartz.

27/05/2020 Net all Keim ass schlecht

Scho bei klenge Kanner gëtt gesot, dass de Kontakt mat net sterille Géigestänn, anere Kanner a Mënsche wichteg wären. Grad well si dann a Kontakt mat Keime kommen. Esou kënne si schonn a jonke Joren e staarkt Immunsystem opbauen. An der Medezin versteet een ënnert Keime Krankheetserreeger, déi der Gesondheet schuede kënnen. Awer si sinn net all schlecht. Dr. Danielle Meunier ass Mikrobiologin. Am Prinzip ginn et verschidden Zorten.

Dr. Danielle Meunier: Do ënnerscheet een tëscht obligat-pathogene Keimen, déi prinzipiellt krank maachen. Wann d'Unzuel am Kierper grouss genuch ass. An opportunistesche Keimen, déi just ënner verschiddene Viraussetzunge krank maache kënnen. Zum Beispill wann den Ofwiersystem geschwächt ass.An dann hu mir nach all déi Mikroorganismen, déi am gesonden Organismus virkommen. Zum Beispill op der Haut, der Schläimhaut, am Mond, an der Nues. Déi gehéieren zu eiser normaler Flora a schützen eis viru Krankheeten.

Elo sinn natierlech op Géigestänn, déi mir am Alldag esou upaken, ganz vill Keimen ze fannen. Op Klenschen, op Planzen, wa mir en Deier upaken oder och op eisem eegene Schreifdësch. An enger Etüd vun der University of Arizona 2005 gouf zum Beispill op enger Computertastatur 400 mol méi Keime fonnt wéi op engem Toilettësëtz. Grad well eng Tastatur eben esou dacks vun eis ugepaakt gëtt.

Dr. D. Meunier Och wann ëmmer déi selwecht Persoun se benotzt, sinn ëmmer vill Mikroorganismen op der Tastatur. Dat bedeit awer keng Gefor fir eis am Alldag. Well et handelt sech am Allgemengen hei em ganz normal Hautkeimen oder Schleimhautkeimen. Jee nodeem wat mir mat eisen Hänn upaken. Dat sinn am allgemenge keng Krankheetserreeger an si bedeite keng Gefor fir de Mënsch. Och wa mir a Kontakt mat Krankheetserreeger kommen, da gëtt de gesonde Kierper domadder normalerweis ganz gutt eens. Well den Immunsystem déi ofwiert.

Anescht gesäit et a Klinicke mat immunschwache Patienten aus oder a Laboratoire wou eng grouss Unzuel vun deene Krankheetserreeger virkommen. Oder awer och an engem Stot wou eng Persoun ass, mat enger ganz ustiechender Krankheet. Op esou Plazen ass et wichteg, alles steril ze halen. Am normalen Alldag brauch et dat awer net.
 
Dr. D. Meunier Alles ëmmer ze desinfizéiere kann sech och negativ auswierken, well do mécht een zum Beispill net nëmmen déi schlecht Keime futti, mee och déi Gutt, déi eis schütze sollen. Desinfektiounsmëttel kënnen och der Haut schueden.
 
All desinfizéiert oder gebotzten Uewerfläch hëlleft och näischt wa mir et da mat knaschtegen Hänn direkt duerno nees upaken. D'Hänn reegelméisseg wäschen ass dofir wichteg. Do geet Seef och schonn duer a gräift d'Haut manner un. Allgemeng misst et net ëmmer direkt Desinfektiounsmëttel sinn.
 
Dr. D. Meunier An engem normalen Haushalt oder um Büro ass et menger Meenung no ofzeroden, Desinfektiounsmëttel groussflächeg unzewenden. Well en kee Virdeel géigeniwwer deenen einfache Botzmëttel huet, wéi Essegreiniger oder Allzweckreiniger. Awer och last but not least well et eng onnéideg Ëmweltbelaaschtung duerstellt.