Eng Aktioun vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch. Dir kënnt hinnen déi lëtzebuergesch Wierder twitteren oder mailen, deenen Dir méi Opmierksamkeet wënscht. En Interview mam Luc Marteling.

28/05/2020 #Wonschwuert (Interview)

Hei en Extrait aus dem Communiqué:

#Wonschwuert: Schéckt eis Är Liblingswierder!
Twittert oder mailt eis déi lëtzebuergesch Wierder, deenen Dir méi Opmierksamkeet wënscht.

Appersmann, Uz, Wibbeldewapp – Buuschtebënner, Gladder, Zodi: Kennt Dir dat, wa Wierder Iech frou maachen, déi Der scho laang net méi héieren hutt? Inspiréiert vun esou Aktiounen, déi vill Succès an de soziale Medien hunn, start den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch dʼAktioun #Wonschwuert.

Afen an apsen, héissen an hemsen, scharjeekelen a schillepsen, verdillegen a verkasematuckelen grad ewéi gedam, huerteg, kleesper a ronscheleg an och nach eenzock, kees, ounst a racksdeg:

Wënscht Dir Iech, datt Är Liblingswierder nees méi Opmierksamkeet kréien? Da schéckt eis se.

Vun absënns bis zanzen, vu jauwen bis Päerderchersspill, vu Spitzkniwweli bis verjuppen: Am Zenter sammele mir all Är Proposen, iwwerpréiwe se a publizéiere se an enger Lëscht.

Mir freeën eis op Ären Input!
#Wonschwuert

An esou geet et:

Mat engem Mail: lod@lod.lu
oder taggt se op Twitter mat #Wonschwuert

Hei kommt Dir op de Site vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch: