Kanner, déi net gären iesse maache den Eltere Chagrin. Dacks weess een dann net méi wat een hinnen ze iesse soll ginn fir dass si iwwerhaapt eppes iessen. Bei glotte Kanner ass et dann och schwéier fir dës un d'Iessen ze kréien. De Sujet ''Kriddeleg Iesser'' gouf ënnert d'Lupp geholl, Marie Gales

29052020 Glott Kanner

Wäiss Nuddelen, Brout a vläicht en Apel, eppes aneschtes sollt et net sinn fir de klenge Mathieu oder dat kléngt Tessy. Kloer, dass hir Elteren doriwwer net frou sinn a och besuergt, dass si dann net déi néideg Vitaminne kréien a soss wat e Kand brauch fir gesond ze wuessen.
Wat maachen?
Déi eng Eltere hoffen, dass hiren Nowuess endlech méi ofwiesslungsräich ësst wann en da méi grouss a verstänneg gëtt.
An aner Eltere probéieren ëmmer nees hiert Kand ze zwéngen anescht ze iessen an dat kennt een, geet an déckem Kaméidi a Kräischen op en Enn.

Eng Etüd vun der Universitéit Michigan huet sech domadder beschäftegt a konnt weisen, dass keng vun den 2 Methode richteg gutt ass.
Iwwert en Zäitraum vu 5 Joer hate si 317 Famille mat Kanner tëscht 4 an 9 Joer analyséiert.

Also d'Method mat der Hoffnung, dass de Kanner hir Iessgewunnechten änneren, hat sech séier zerschloen. Wie kriddeleg war, ass et och bliwwen an de Contraire war souguer éischter de Fall, d'Kanner goufen nach méi schwiereg am Iesse wat se méi grouss goufen.
D'Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass sech d'Iessverhale vu Kanner vum 4. Liewensjoer u gefestegt huet an duerno nawell stabil bleift. Dofir wann een nach eppes ännere wéilt, dann dat besser virdru probéieren an de Kanner villes proposéiere wat se kéinten iessen.

Och wann d'Kanner glott wieren, missten sech d'Eltere keng allzegrouss Gedanke bei Kanner maachen, déi dowéinst net vill weien. Och wann de Body-Mass-Index (BMI) bei immens kriddelege Kanner liicht ënnert dem Duerchschnëtt louch, war de Gros vun den Testkanner awer nach am gesonde Beräich. D'Fuerscher si souguer sou wäit gaangen ze soen, dass dës wieleresch Iessgewunnechte vu Kanner si virum Iwwergewiicht schütze kéint. Et bréicht awer nach méi Etüden fir erauszefannen ob glott Iesser gesondheetlech Nodeeler hätten a wéi sech eng restriktiv Iessensauswiel vu Kanner laangfristeg sech op hir Nährstoffversuergung a Wuesstem auswierke géif.

Bei den Elteren, déi hir Kanner dann ëmmer nees zwénge wollten mol eppes aneschtes ze iessen, dëst huet genee zum Géigendeel gefouert, et gouf Sträit, mä d'Kanner hunn awer nach ëmmer dat giess wat se wollten.
Wier ee kriddeleg am Iessen,soen d'Fuerscher, wier dat bei Kanner vu 4 Joer un éischter als en Aspekt vun hirer Perséinlechkeet ze gesinn  — an dee wier méi ausgepräägt wat d'Eltere sech dru gi fir d'Iesse vun hirem Kand ze steieren an ze kontrolléieren.

An der Kannerernärung ass d'Education au goût ëmmer nees e grousse Sujet, ma d'Dieteticienne Nathalie Weber huet do e puer Tipps fir besuergten Elteren ze berouegen.

29/05/2020 Glott Kanner! Dieteticienne Nathalie Weber 2

Et muss ee bei klenge Kanner och gesinn, dass bei neie Goûten net nëmme de Goût selwer eng Fro ass an dem ganzen Eveil, mä och d'Textur, d'Ausgesinn, de Geroch dat e Liewensmëttel ausstraalt. An do huet d'Schrëftstellerin Nathalie Rigal an der Education au goût flott Aarbecht gemaach, wou si och vergläicht: 20 Liewensmëttel, déi Kanner dacks gären hunn wéi d'Wuerzelen also d'Muerten versus 20, déi se net gären hunn, wéi de Chicon.

Et muss een och net wierklech denken, dass Kanner wierklech alles misste gären hunn. Dat ass leider dacks e Facteur mat deem Eltere verwinnt ginn, datt Ufanks d'Kanner vill variéiert giess hunn an duerno méi schwiereg am Iesse goufen. Dat ass awer en normale Werdegang an do sollt ee sech als Elteren elo keng Gedanke maachen a sech e schlecht Gewëssen ze maache wann d'Kanner dann net alles iessen.

Wichteg ass ëmmer nees ze weisen, ze schmaachen ze ginn a mam gudde Beispill virzegoen!