Urbex – ass dat e Botzmëttel? Eng Chimiesfabrick? En neien Challenge ënner Youtuber? Wat ass Urbex? Et héiert ee mol hei a mol do an ënnert dem Hashtag fënnt ee Ruinen oder al Fabricken... mee wat genee hannert deem kryptesche Begrëff stécht ass net direkt op den éischte Bléck kloer. D'Michèle Schons huet sech informéiert.

03062020 Urbex Fotografie

Urbex ass en Neologismus aus de Begrëffer Urban an Exploring. Et beschreift also d'Decouverte an dat fotografescht Dokumentéieren vun urbane Plazen. Industrieruinen, Katakomben, Bunker, oder al a verloosse Gebaier sinn de But vun de sougenannten Urbexer. Wat fréier just eng Nisch war, ass mëttlerweil e richtegen Trend ënnert de Fotografen. Et gi souguer schonn extra Zeitungen a Bicher iwwert dee spannende Metier. Och d'Carole Jemming huet déi Passioun fir verloosse Platze virun enger Zäitche fir sech entdeckt.

© Carole Jemming

Motto fir Urbexfotografie ass: Huel näischt, ausser Biller, hannerloss näischt ausser denge Foussspueren a schlo näischt dout, ausser denger Zäit. Grondgesetz ass also näischt futti maachen, an déi Plaz och genee esou ze hannerloosse wéi een se virfonnt huet. Dat heescht och dass een sech net mat Gewalt Zoutrëtt op déi Plaze verschaaft, mee op eng aner Manéier säi Gléck probéiert.

© Carole Jemming

Mat e bësse Chance ass d'Dier op, oder aner Leit hunn sech virdru schonn en Zougang verschaaft, deen een notze kann, ma leider zitt esou eng Lost Place och dacks Randaléierer un. Aus deem Grond sinn déi verloosse Plazen och meeschtens e Secret deen net einfach esou mat anere gedeelt gëtt.

© Carole Jemming

Urbex kann een als eng Mëschung tëscht Loscht op Aventure, Interessi un der Geschicht un enger Plaz an der Freed u surreale Plazen definéieren. Esou Munche genéisst a Fotograféiert gären, anerer hunn d'Héngerhaut gären an hu Spaass drun sech e bëssen ze grujelen, mee ganz ongeféierlech ass et net

Spannend bleift et um Enn dann och, well et net esou einfach ass fir déi ominéis Plazen och ze fannen, do brauch een heiansdo richteg detektivesch Kenntnesser.

Wann een an engem Urbex-Blog oder enger Community aktiv ass, da kann een och selwer mol deen een oder aneren Unhaltspunkt fannen oder d'Fotoen deelen vun deene Plazen déi ee selwer schonn erliewen oder sammele konnt. Am wichtegsten ass et awer ëmmer d'Aen opzehalen wann een ënnerwee ass.

© Carole Jemming