Zanter 75 Joer engagéiert sech CARE fir do ze intervenéieren wou d'Nout am Gréissten ass. 3 Punkte hu si do virun Aen: D'Aarmut bekämpfen, direkt hëllefen a Meedercher a Frae fërderen, well si déi éischt sinn, déi soss op der Streck bleiwen.
 D'Marie Gales huet mat Direkter vu Care Lëtzebuerg Frédéric Haupert geschwat.

02/06/2020 CARE in Luxembourg 2

Zur Zäit ass CARE Lëtzebuerg vill am Jemen an aktiv, well do d'Nout mat am Uergsten ass, ma domadder net genuch 1,2 Milliarde Mënschen liewen op der ganzer Welt an extremer Aarmut.
Frédéric Haupert: Vu Lëtzebuerg aus hu mir eis vun Ufank un op déi Länner konzentréiert an deenen d'Nout am Gréissten ass a wou et och ganz schwéier ass ze schaffen, do also wou mir Hëllef kënne leeschten, dëst dee gréissten Ënnerscheed mécht. Elo ganz akut ass dat den Irak, de Niger, mir sinn am Gaang e Projet fir de Somalia ze entwéckelen. An dat sinn och déi Länner wou mir (CARE) zur Zäit déi meeschte Probleemer gesinn.

Coronavirus ass och an deene Länner present, ma wat hannert der Pandemie stécht, ass nach méi uerg.
Frédéric Haupert: Dat huet eis natierlech weltwäit beschäftegt, eis ganz Ekipp huet dorunner geschafft fir d'Aarbecht un dës Pandemie unzepassen an deene Mënschen ze hëllefen, déi am meeschte betraff sinn. Elo gesi mir awer, dass hannert dëser Covid-Kris sech eng Risen humanitär Hongerkatastroph preparéiert an dat mécht eis den Ament am meeschte Suergen. D'UNO rechent, dass mir bis Enn vum Joer eng Verdueblung vun de Leit hunn, déi Honger leiden, mir sprangen do vun 135 Millioune Mënschen op 265 Milliounen. Déi immens Zuel ass net ze faassen, fir dat ze erklären: Kuckt ee Somalia; gëtt duerch de Covid 3 Méint d'Hëllef aschränkt, sinn dat 5.000 Kanner, déi weider stierwen ënner 5 Joer. Bei 6 Méint si mir bei 10.000 Kanner, déi net iwwerliewe wäerten. Eis Hëllef vu Lëtzebuerg aus konzentréiert sech och dës Situatioun, dass mir Liewensmëttel verdeelen, dass mir déi Kanner versuergen an an de Gesondheetszenteren genuch ze iessen do ass. A mir probéieren och déi Kanner ze fannen, déi ënnerernärt sinn, ob dat elo a Somalia ass, am Niger, am Tschad...iwwerall huet dat eis Prioritéit.

6 Leit schaffen zu Lëtzebuerg fir CARE, si betreie Projeten an Donateuren a stëmmen international Projeten of. Dernieft ginn et och eng Rei Benevoller, déi si dann ënnerstëtzen. Ma dat ass d'Spëtzt vum Äisbierg zousoen, well déi international Hëllefsorganisatioun, déi et zanter 75 Joer gëtt, huet 1000enden Mataarbechter an der ganzer Welt.
Frédéric Haupert: Eng 10.000 Mataarbechter zielt CARE weltwäit, déi allermeescht dovunner si lokal Mataarbechter, déi aus deem Land kommen an deem se och schaffen, d'Sproochen an d'Gewunnechte kennen a sech auskennen a wësse wat d'Leit brauchen a wéi séier d'Hëllef kann op Plaz kommen.
 
Mat Suen kënnt Dir ganz einfach hëllefe fir dass CARE kann hëllefen. Kuckt do op hir Internetsäit