Eng kleng Vakanz am Éislek, e flotten Dag an der Natur, gutt iessen. An der Robbesscheier zu Munzen gëtt et vill Plaz an eng gesond Loft fir sech op aner Gedanken ze bréngen. En Tapéitewiessel deet elo jidderengem gutt.
Och de Cornelyshaff zu Hengescht ass erëm fir iech do.

29/05/2020 D'Robbesscheier geet nees op

Wat proposéiere mir nom Confinement a wat sinn eis Virdeeler?
Mir halen eis un d’Reegelen
o 2 Meter Ofstand bei Leit déi net zu engem Stot gehéieren, wann net muss eng Mask ugedoe ginn
o Atelieren dobannen, hei muss eng Mask ugedoe ginn
o Am Prinzip huele mir just ee Grupp (selwechte Stot) pro Atelier
o Aner Gruppen (Maison relais, crèche, classe scolaire), hei gi Masken ugedoen, ausser mir kënnen (zBspl. Déiere fidderen) 2 Meter Distanz anhalen
o Bekannte Reegelen am Restaurant
• Mir hu vill Plaz dobaussen an awer och dobannen

D’Atelieren dobausse kënne mir gutt organiséieren, och zum Deel ouni Mask
o Mir kennen ronn 100 Leit am Restaurant mat den néidegen Distanzen bedéngen
• Déi momentan oppen Atelieren: Kutsch, Déiere fidderen, Käerzen, Keramik, Woll, Schmëdd, Gaart, Beien, Seeërei
• Mir hunn a wäerten iwwert de ganze Site och nach weider Aktivitéiten / Spiller ausschaffen a proposéieren, déi d’Visiteure fräi op sech kënne maachen a wou se sech aus dem Wee kënne goen
• Mir proposéieren och kleng Plat’en, déi een als Picknick um Site kann iessen, fir déi déi sech net an e Raum wëlle setzen
• Eise Gaart ass voll mat frëschem Geméis. Heimat an och mat mat aner lokale Produkter respektéiere mir eng lokal a saisonal Kichen.
• De Sammeshaff ass komplett renovéiert a mir hu flott Zëmmere vun 2 bis 6 Better

De Cornelyshaff huet eng ganz nei grouss Spillplaz kritt, wou d’Kanner sech gutt austobe kënnen. Och hei kann een e puer flotter Deeg verbréngen.